Hexenzauber am SOS Kannerduerf

IMG_0836 - Copie

Den 7. September 2016 huet de Marionettentheater Tutebatti d’Kanner aus dem SOS Kannerduerf Lëtzebuerg zu Miersch an déi magesch Welt vum Marionettentheater invitéiert. Mat grousser Spannung a vill Begeeschterung huet dee jonke Publikum d’Geschicht vum Tutebatti, dem Jempi, der Hex Rumpumpelknuddelfuzz, an engem geklaute Gebuertsdagskado matverfollegt … an dobäi geléiert, dass och « béis » Hexen kënnen e gutt Häerz hunn. Poursuivre la lecture « Hexenzauber am SOS Kannerduerf »

Gemengefinanzreform : den Däiwel stécht am Detail

sans-titre.png

D’Gemengefinanzen solle reforméiert ginn, d.h. de Schlëssel no deem d’Gemengen Suen aus dem Staats-Dëppen kréien, soll nei definéiert ginn. Dass eng Gemengefinanzreform soll kommen ass prinzipiell begréissenswäert, well et ass wichteg d’Gemengefinanzen ze stabiliséieren an de System vum Finanzement méi transparent ze gestalten. Allerdéngs riskéiert déi Reform op Käschte vun de ländleche Gemenge ze goen. Poursuivre la lecture « Gemengefinanzreform : den Däiwel stécht am Detail »

Grexit : Päscht oder Cholera !?

grexit

De Patient Euro wor krank. Vu Gebuert un. Schonn 2002 wor gewosst (cf. Robert Mundell), dass eng Währungsunioun tëschent allen aktuellen Euro- Länner net optimal wier. Et hätt ee missten eng Selektioun maachen vun alle Kandidaten. Mee en Vue vum ambitionéierte Projet Euro wor de politesche Wëllen deemools aus verständleche Grënn méi grouss wéi déi  economesch Realitéit. Poursuivre la lecture « Grexit : Päscht oder Cholera !? »

Wahlrecht ab 16

wahlrecht

Am Juni ginn d’Lëtzebuerger zu verschiddensten Themen ëm hier Meenung gefrot, ënnert anerem ob ee schonn mat 16 Joer an Zukunft däerf wiele goen. Eng Saach virop geschéckt : Ech hunn absolut Versteesdemech fir jonk Leit, déi fir sech e Wahlrecht ab 16 Joer revendiquéieren. Mee ech hunn trotzdem staark Bedenken. Poursuivre la lecture « Wahlrecht ab 16 »

Mäi Fazit. Ouni Frustratioun. Mä an aller Konsequenz.

demission

Aux membres du conseil communal de la commune d’Esch-sur-Sûre

Mesdames, Messieurs,

Suite au vote survenu dans la session du conseil communal du 11 décembre 2014, par lequel la majorité des conseillers n’a pas souhaité respecter l’accord conclu il y a 3 ans concernant les changements au sein du collège échevinal, je constate avec regret que le conseil communal ne m’a pas accordé sa confiance. Poursuivre la lecture « Mäi Fazit. Ouni Frustratioun. Mä an aller Konsequenz. »

E Wuert ass e Wuert ? Personalpolitescht Trauerspill an der Gemeng Esch-Sauer…

eschsauer

Dat konspirativt personalpolitescht Trauerspill an der Gemeng Esch-Sauer geet an eng weider Ronn : Virun 3 Joer wor en eestëmmegen Accord gemach ginn. Den Deal wor, dass déi 3 aktuell Schäffen (Weiler, Binsfeld, Rippinger) Enn 2014 sollten démissionnéieren an duerno duerch 3 nei Schäffen (Zeien, Karier, Lanners) ersaat ginn. Dësen Accord ass allerdéngs net bindend, well d’Wahlgesetz kee « Splitting » virgesäit. Dofir gëllt hei de Prinzip vum géigesäitege politeschte Vertrauen (trotz ënnerschriwwenem Accord). Poursuivre la lecture « E Wuert ass e Wuert ? Personalpolitescht Trauerspill an der Gemeng Esch-Sauer… »