Den 2. Februar 2013, also virun knapps 8 Méint, wor de Xavier Bettel an der Emissioun « Background am Gespréich ». Ech kann mech nach ganz gutt un déi Emissioun erënneren, well ech mir deemools gesot hunn : nu kuck de Bettel ! Dat ass e kénge Borscht ! Deen huet de Culot fir vu vir eran ze soen, hien wëllt net an déi nächst Regierung goen. Egal wat geschitt. « Chapeau Här Bettel » duecht ech bei mir.
Hei dann e puer Citatiounen aus dëser Emissioun (*) :
9’ 25’’ : RTL : « Dat heescht, dat ass definitiv dat Dir net an d’Regierung gitt ? Egal wat geschitt ? »
XB : « Jo. Egal wat geschitt ! »
10’ 10’’ : « Ech stinn zu mengem Wuert. (…) Ech verstinn dass verschidde Leit et net verstinn, well se soen hei : Wann en d’Méiglechkeet huet an eng Regierung ze goen, do seet een dach net neen fir Minister ze ginn. Eh ben, de Bettel seet neen ! »
11’ 05’’ : « Ech sinn op d’mannst sou éierlech (…) D’DP, wann se an d’Verantwortung kënnt, de Bettel bleift Parteipresident, de Bettel geet net an eng Regierung (…). Dat ass esou, mee op d’mannst hunn ech déi Éierlechkeet ze soen, dass ech 2014 net gewëllt sinn an eng Regierung ze goen. »
Dass de Xavier Bettel elo d’Ambitiounen huet fir eise nächste Premier ze ginn, ass dann jo schonn eng erstaunlech 180 Grad-Kéier. Mee wéi géif de Fransous soen « Il n’y a que les imbéciles qui ne changent pas d’avis ». A well ech jo net mengen, dass den Här Bettel en Topert ass, soll hien natierlech och seng Meenung däerfen änneren.
Iwwert dat, wat den Abléck geschitt kann ee polemiséieren, mee eng Majoritéit, déi sech demokratesch fënnt, muss am Endeffekt awer acceptéiert ginn. Mee do virdrun ? Éier dass déi Majoritéit sech fënnt ? Ass et net de Politiker hir Verflichtung, op d’mannst all Méiglechkeete vun eventuelle Regierungsbildungen ënnert d’Lupp ze huelen ? An eréischt duerno, wann een de beschte Partner mam beschte Kompromëss-Programm sécher identifizéiert huet, dëse Partner mat an Regierung ze huelen ? Mee d’DP féiert den Ament awer keng Gespréicher mat der CSV.
Fir et kloër an däitlech ze artikuléieren : D’DP an den Här Bettel musse net mat der CSV an eng Koalitioun goen. Neen. Musse si net. Dat ze soen fällt mir als bekennenden CSV Member net liicht. Mee den Här Bettel wärt aller Wahrscheinlechkeet no de neie Premier vun ALLE Lëtzebuerger sinn. An ech gesinn et als extrem problematesch un, wann een zukünftege Premier vu vir eran den Uspriechpartner vun 1/3 vu senge Bierger lénks leien léisst. Ech kann mech jjidderfalls net erënneren, dass op national politeschem Niveau eist Land schonn eng Kéier esou gespléckt wor wéi haut. Net nëmmen an der Politik, mee och ënnert de Leit. An dat mécht mir grouss Suergen.
Dofir : Eng sécher a stabil Hand un déi nei Regierung. Wéi och ëmmer se ausgesäit.
Heischent, am Oktober 2013
(*) All Interesséierten, kann sech gären d’Emissioun nach eng Kéier ukucken, ënnert http://radio.rtl.lu/emissiounen/background/388319.html