Politesch Erneierung : eng Fro vum Gläichgewiicht

D’Walen si gelaf. D’Analysen lafen op Héichtouren. Déi Eng erfreeën un hirem Resultat, déi Aner lecken hir Wonnen. Nach Anerer vertréischten sech, dass si hiert Resultat ëmmerhi konnten halen.

Erstaunlech bei allen Analysen ass awer, dass de Verglach vun enger Wal op déi aner systematesch op 2 verschidde Methode presentéiert gëtt : Poursuivre la lecture de « Politesch Erneierung : eng Fro vum Gläichgewiicht »

Publicité

Reform vum Walgesetz !? Iwwert Rescht-Sëtz a Bezierker …

Kuerz no de Walen héiert een et aus villen Ecken : „Eise Walsystem muss iwwerschafft ginn … D’Zäite vun de Bezierker sinn iwwerliewt … Mir brauchen een eenzege Walbezierk … Ech kann a mengem Bezierk mol net direkt fir ee nationale Spëtzekandidat stëmmen“. An et heescht dës Remarquen eescht ze huelen.  Poursuivre la lecture de « Reform vum Walgesetz !? Iwwert Rescht-Sëtz a Bezierker … »

Kannerwonschbam : eng Well vu Solidaritéit am Kanton Wooltz

IMG_1518b

Fir d’Adventszäit 2016 hat ech de grousse Pleséier am Numm vum Lions-Club vu Wooltz, zesumme mam Office social vu Wooltz, d’Solidaritéits-Aktioun vum « Kannerwonschbam » ze organiséieren. D’Ziel vun dëser Initiative war et, fir dass Kand am Kanton fir Chrëschtdag sollt ee Wonsch erfëllt kréien, an dëst onofhängeg vu sengem sozialen Ëmfeld.  Poursuivre la lecture de « Kannerwonschbam : eng Well vu Solidaritéit am Kanton Wooltz »

Hexenzauber am SOS Kannerduerf

IMG_0836 - Copie

Den 7. September 2016 huet de Marionettentheater Tutebatti d’Kanner aus dem SOS Kannerduerf Lëtzebuerg zu Miersch an déi magesch Welt vum Marionettentheater invitéiert. Mat grousser Spannung a vill Begeeschterung huet dee jonke Publikum d’Geschicht vum Tutebatti, dem Jempi, der Hex Rumpumpelknuddelfuzz, an engem geklaute Gebuertsdagskado matverfollegt … an dobäi geléiert, dass och « béis » Hexen kënnen e gutt Häerz hunn. Poursuivre la lecture de « Hexenzauber am SOS Kannerduerf »

Gemengefinanzreform : den Däiwel stécht am Detail

sans-titre.png

D’Gemengefinanzen solle reforméiert ginn, d.h. de Schlëssel no deem d’Gemengen Suen aus dem Staats-Dëppen kréien, soll nei definéiert ginn. Dass eng Gemengefinanzreform soll kommen ass prinzipiell begréissenswäert, well et ass wichteg d’Gemengefinanzen ze stabiliséieren an de System vum Finanzement méi transparent ze gestalten. Allerdéngs riskéiert déi Reform op Käschte vun de ländleche Gemenge ze goen. Poursuivre la lecture de « Gemengefinanzreform : den Däiwel stécht am Detail »