Politesch Erneierung : eng Fro vum Gläichgewiicht

D’Walen si gelaf. D’Analysen lafen op Héichtouren. Déi Eng erfreeën un hirem Resultat, déi Aner lecken hir Wonnen. Nach Anerer vertréischten sech, dass si hiert Resultat ëmmerhi konnten halen.

Erstaunlech bei allen Analysen ass awer, dass de Verglach vun enger Wal op déi aner systematesch op 2 verschidde Methode presentéiert gëtt :

  • D‘Wal-Resultater vun enger Partei ginn ëmmer a Prozenter mateneen verglach. Eng Duerstellung vun de Gewënner a Verloschter vun de Parteien vun enger Wal op déi aner, déi absolut objektiiv ass.
  • Mä beim eenzele Kandidat gëtt sech eng aner Fro gestallt : wéivill Stëmmen huet de Kandidat méi oder manner kritt, wéi bei de läschte Walen ? Vu Prozenter ass hei ni Rieds.

Firwat ginn d’Gewënner an d’Verloschter vun de Kandidaten dann net a Prozent gerechent? Dës Fro ass vill méi déifgräifend, wéi een dat op den éischte Bléck kéint mengen : wann een 2 Wale matenee vergläicht an d’Unzuel vun de Stëmmziedelen bei all Wal eng aner ass, da weist eng Analyse vum Gewënn an dem Verloscht vun de Stëmmen vun de Kandidaten  ee verzerrte Bild a seet iwwert dat eigentlecht politescht Gewiicht vum Politiker wéineg aus. Och hei misst de Verglach a Prozent gemaach ginn.

Fir dës Ausso méi einfach ze illustréieren, hei een theoretescht a vereinfacht Beispill : wann ee Kandidat XY bei enger éischter Wal 30 Stëmme kritt huet (an dat bei 98 gültege Stëmm-Ziedelen), dann hat hien 30,61 % Zoustëmmung (30/98 = 30,61 %). Wann hien bei enger zweeter Wal 31 Stëmme kritt (an dat bei 130 gültege Stëmm-Ziedelen), sou huet hien zwar u Stëmme bäigeluecht (+1 Stëmm), mä hien huet just nach eng Zoustëmmung vun 23,84 % (31/131 = 23,84%). Säi politescht Gewiicht huet sech also ëm 6,77 % verschlechtert, bedéngt duerch déi méi grouss Unzuel vu gültege Stëmm-Ziedelen.

theoretesch Walen.jpg

De Schratt vun dësem theoretesche Beispill an d’Realitéit vun der Lëtzebuerger Polit-Landschaft ass dann och net wäit, wann ee weess, dass d’Zuel vun de gültege Stëmm-Ziedele vun 2013 op 2018 an all Bezierk substantiell an d’Luet gaangen ass.

STEMMZIEDELEN

Dofir ass et sënnvoll d’Resultater vun de Kandidaten, déi sech souwuel 2013 wéi och 2018 bei de Wale gestallt hunn (an dat am selwechte Bezierk), mateneen ze vergläichen. An dee Verglach muss relativ zu de gültege Stëmmziedelen gemaach ginn, fir sou den Zouwuess vun der Wal-Bevëlkerung statistesch ze neutraliséieren.

Iwwert dëse Wee kann een an aller Neutralitéit festzestellen, wéi eng Politiker hirt perséinlecht Resultat effektiv verbessert hunn an gutt plazéiert sinn fir an Zukunft solle/kënne méi Verantwortung ze iwwerhuelen. Ëmmer virausgesat et kuckt een d’Resultater net just als Momentopnam, mä :

  • et stellt een d’Resultater vum Politiker vun 2 Wale vis-à-vis ;
  • et setzt een dës Resultater an d’Relatioun mat der Unzuel vun de gültege Stëmmziedelen vun der respektiver Wal.

Oder anersch ausgedréckt : Mat dëser Method kritt een en objektiivt Bild iwwert d’Entwécklung vun all Kandidat : huet hien sech wierklech verbessert oder net ? Läit hien am Trend oder net ? A wann een dat mécht, da sinn d’Resultater dach méi wéi iwwerraschend. Den Tableau mat alle Berechnungen ass hei ze fannen : statistesch Wal-Analyse (*). Déi 2 interessant Kolonnen sinn :

  • tendance suffrages nominatifs“ : hei gesäit een, wéi sech déi perséinlech Stëmmen vum Kandidat vun enger Wal zur aneren entwéckelt hunn (an der gréisserer Unzuel vu Stëmm-Ziedelen am Joer 2018 Rechnung gedroe gëtt)
  • tendance total suffrages“ : hei gesäit een, wéi sech déi gesamt Zuel vu Stëmmen (perséinlech Stëmmen + Lëschte-Stëmmen) vum Kandidat vun enger Wal zur aneren entwéckelt hunn (an der gréisserer Unzuel vu Stëmm-Ziedelen am Joer 2018 Rechnung gedroe gëtt)

Ech well op dëser Plaz bewosst weder fir nach géint eng Partei oder ee Kandidat plaidéieren, mä eenzeg an eleng d’Berechnungen virleeë, déi et jidderengem erlaben seng eegen Analyse ze maachen.

Eng Saach stécht awer fatzeg an d’Aen : déi Jonk sinn am Trend a leeën Partei-iwwergräifend u Stëmmen zou, wärend déi gestane Politiker zwar nach ëmmer héich Resultater hunn, hiren Trend awer gréisstendeels réckleefeg ass.

Dëse Phenomen kann fir vill Parteien ee Problem duerstellen, deen et ze léise gëllt : et heescht dat richtegt Gläichgewiicht tëschent Erfarung an Erneierung fannen. Tëschent gestanene Politiker, déi wichteg sinn, well si vill Stëmmen zéien an déi néideg Erfarung matbréngen. Hiren Trend weist awer no ënnen. An tëschent de jonke Kandidaten, déi grad esou wichteg sinn, besonnesch well hiren Trend kloer no uewe weist, och wa si seelen déi néideg Stëmmen hunn fir ee Géigegewiicht zu gestanene Politiker ze sinn.

Déi nächst Wochen a Méint wäerte mat Sécherheet interessant ginn. Ech si gespaant ob déi grouss Parteien dat richtegt Gläichgewiicht wäerte fannen.

(*) Informatiounen zum PDF-Fichier:

1° Et si just déi Kandidaten opgelëscht, 
déi souwuel bei de Walen 2013, wéi och bei de Walen 2018 
am selwechte Bezierk ugetruede sinn

2° Zum Faarwecode : 
Roud = ënnert -1 % => negativen Trend  
Wäiss = tëschent -1 % a + 1% => neutralen Trend 
Gréng = iwwert +1 % => positiven Trend 
Blo = Zuelen am Kontext vun de Walen 2013 
Giel = Zuelen am Kontext vun de Walen 2018

3° Déi benotzten Zuelen sinn ëmmer d'Résultats officieux 
(source : www.elections.public.lu)

4° An dësem Fichier sinn immense vill Zuele kompiléiert ginn. 
Falls Dir iergendwou ee Feeler entdeckt, dann zéckt net 
fir et dem Auteur matzedeelen.