Reform vum Walgesetz !? Iwwert Rescht-Sëtz a Bezierker …

Kuerz no de Walen héiert een et aus villen Ecken : „Eise Walsystem muss iwwerschafft ginn … D’Zäite vun de Bezierker sinn iwwerliewt … Mir brauchen een eenzege Walbezierk … Ech kann a mengem Bezierk mol net direkt fir ee nationale Spëtzekandidat stëmmen“. An et heescht dës Remarquen eescht ze huelen. 

Mä éier een eng eventuell Ännerung ustriewt, ass et an enger éischter Phase wichteg, den aktuelle Walsystem ze verstoen, besonnesch de Punkt vun de Rescht-Sëtz. Duerno kann een dann d’Bild vun der Chamber zeechnen, wéi et géif ausgesinn, wa mir een eenzege, landeswäite Walbezierk hätten. An d’Resultater sinn dach schonn erstaunlech.

1. Wéi funktionéiert den aktuelle Walsystem?

Fir de System ze illustréieren, benotzen ech déi effektiv Resultater aus dem Bezierk Norden vun de Legislativ-Walen 2018, wou insgesamt 9 Sëtz ze verdeele waren op 8 verschidde Parteien. Hei dat offiziellt Walresultat aus dem Bezierk Norden :

RESULTAT NORDEN
i) Berechnung vum „nombre électoral“

Den Ausgangspunkt ass d’Berechnung vun enger theoretescher Zuel, déi duerno awer vu grousser Bedeitung ass : de « Nombre électoral ». Dës Zuel ergëtt sech aus dem Total vun de gëltege Stëmmen, gedeelt duerch d‘Unzuel vun de Sëtz am Bezierk + 1 (!). Am Norden sinn jo bekanntlech 9 Sëtz ze verdeelen. Also deele mir den Total vun de gëltege Stëmmen (344 586) duerch 10 (9 Sëtz + 1). Dës Zuel gëtt dann no uewen opgeronnt.

Nombre électoral = 344.586 / (9+1) = 344.586 /10 = 34.458,6 => 34.459

An einfache Wierder ausgedréckt : fir all 34.459 Stëmmen déi eng Partei kritt, huet si mol 1 Sëtz um Krautmaart sécher.

ii) Déi éischt Sëtz-Verdeelung

Fir déi éischt Sëtzverdeelung gëtt d’Zuel vun de gültege Stëmmen vun all Lëscht duerch de « nombre électoral » gedeelt an no ënnen ofgeronnt. Konkret ergëtt dat folgend Bild :

1tuer

Insgesamt sinn also no der éischter Sëtzverdeelung 6 Sëtz verginn. Et bleiwen also nach 3 Sëtz ze verginn : déi sougenannte Rescht-Sëtz.

iii) D’Rescht-Sëtz

An elo gëtt dat Ganzt e bësse méi quokeleg. Well wann nom éischten Exercice nach weider Sëtz ze verdeele sinn (datt ass jo de Fall, well nach 3 Sëtz opstinn), gëtt d’Zuel vun de gültege Stëmmen vun all Lëscht duerch d‘Zuel vun de Sëtz vun der éischter Sëtzverdeelung + 1 (!) gedeelt. D’Lëscht mam héchste Score kritt de Sëtz zougesprach.

2tuer

An dësem Fall geet den éischte Rescht-Sëtz also un d’adr, well si mat 33.751 den héchste Score hunn.

No dëser 2. Sëtzverdeelung sinn also net méi 6, mä 7 Sëtz verginn. Et bleiwen awer nach ëmmer 2 Sëtz op. Dat ganzt Spill geet nees vu vir lass: d’Zuel vun de gültege Stëmmen vun all Lëscht gëtt duerch d‘Zuel vun der neier (!) Sëtzverdeelung + 1 (!) gedeelt.

3tuer.jpg

D’DP huet mat 29.520 dat héchste Resultat a kritt deen 2. Rescht-Sëtz zougesprach.

No dëser Sëtzverdeelung sinn also net méi 7, mä 8 Sëtz verginn. Lo heescht et nach dee leschte Rescht-Sëtz ze fannen fir op den Total vu 9 Sëtz ze kommen. D’Zuel vun de gültege Stëmmen vun all Lëscht gëtt duerch d‘Zuel vun der rëm neier (!) Sëtzverdeelung + 1 (!) gedeelt.

4tuer

Dëse läschte Rescht-Sëtz geet un d’CSV , well si mat 27.767 dat héchste Resultat huet. Déi 9 Sëtz sinn also elo verdeelt mat folgendem Resultat : 4 Sëtz fir d’CSV, 2 Sëtz fir d’DP a jeweils 1 Sëtz fir déi gréng, d’LSAP an d’adr

DEF NORDEN

2. Een eenzege Bezierk

D’Fro déi een sech elo ka stellen ass : wéi géif eis politesch Landschaft ausgesinn, wa mir just een eenzege, landeswäite Bezierk hätten ? D’Äntwert ass ganz einfach : mir maache keng Berechnung pro Bezierk, mä benotzen alleng dat offiziellt, landeswäit Walresultat.

RESULTAT NATIONAL.jpg

Fir de « Nombre électoral » ze ermëttelen, musse mir dës Kéier den Total vun de gëltege Stëmmen duerch d‘Unzuel vun de Sëtz am Land + 1 (!) deelen : 3.529.969 / (60 + 1) = 57.869. Duerno kënne mir d’Reschtsëtz ermëttelen.

(Nota : Ech erspueren Iech op dëser Plaz déi ganz Berechnung a verweisen einfach op mäin Excel-Fichier fir d’Berechnung vun de Rescht-Sëtz. Sou kënnt Dir fir all Konstellatioun, ob pro Bezierk oder landeswäit, eng Simulatioun maachen.)

D’Resultat vun engem eenzeg Bezierk bei de leschte Landeswalen wier bemierkenswäert, ë. a. well déi grouss Parteien dobäi géife Sëtz verléieren, deene klenge Parteien awer dee politesche Spillraum géif unerkannt ginn, deen hinnen vum Wieler zougesprach gouf. Déi kleng Parteie géife bei der Sëtz-Verdeelung systematesch besser ofschneiden.

THEORETESCH SETZ NATIONAL

Héich interessant gëtt dann, dass

  • d’Koalitioun vun DP – LSAP – déi gréng just nach een Total vun 30 Sëtz hätt an déi 3 also keng Majoritéit méi kéinte bilden
  • dass och eng CSV just mat enger 3er Koalitioun kéint eng Majoritéit um Krautmaart kréien
  • dass d’adr op 5 Sëtz géif klammen an esou och nees eng Fraktioun um Krautmaart hätt.

DIFFERENZ

Fakt ass, dass ee landeswäite Bezierk eng méi éierlech Relatioun tëschent de Stëmmen an de Vertrieder an der Chamber géif bréngen. Fakt ass awer och, dass eis politesch Landschaft géif riskéieren ëmmer méi zersplittert ze ginn, sou dass et an Zukunft schwéier ka ginn, fir iwwerliewensfäeg Majoritéiten ze fannen. Am Fall vun engem eenzege Walbezierk wier d’Aféierung vun enger 5%-Hürd, sou wéi an Däitschland, wahrscheinlech eng sënnvoll Iddi.

D’Fro vun der regionaler Representativitéit ass och eng Fro, déi net däerf ënnerschätzt ginn. Well wann ee landeswäit ka Kandidate stëmmen, sou kann een awer och dovun ausgoen, dass déi Kandidaten aus dicht besiedelte Regiounen och méi Stëmmen wäerte kréien. Mam Risiko, dass d’Suerge vum ländleche Raum net méi an der Landesféierung zu Gehéier kommen.

Den Dossier ass also héich brisant. Wann een de System wëll änneren, sou muss ee mat der néideger Virsiicht drun erugoen an dat Positiivt an dat Negatiivt ofweien. Ech kéint mir awer gutt virstellen, dass een an dëser Fro einfach d’Vollek sollt froen. Wann d’Leit aus all de 4 Bezierker mat enger Aféierung vun engem eenzege Bezierk averstane wieren, da kéint dëse leidegen Dossier endlech zougemaach ginn.

D’Fro sief awer och erlaabt, ob déi grouss Parteien dann effektiv och een Interessi drun hätten, fir de Walsystem an Richtung vun engem eenzege Bezierk ze änneren ? Mol ofwaarden …

Publicités