An der Sitzung vum 25. Juli 2017 huet de Gemengerot vun Esch-Sauer mat enger knapper Majoritéit vun 7-6 Stëmmen dem Verkaf vum « Buttik vum Séi » zougestëmmt. Firwat ass de Verkaf vum Buttik iwwerhaapt zum Thema ginn ?
Aus Fairness-Grënn wäert ech dofir op dëser Plaz souwuel d’Argumenter beliichten, déi vir de Verkaf vum Buttik schwätzen, grad wéi och fir déi, déi dergéint schwätzen. Sou kann och een Externen sech seng eege Meenung bilden.
Pro-Argumter
1. D’Gestioun
Den Haaptgrond dee vun der Majoritéit ugefouert gëtt ass « (…) als Gemeng ass et ganz schwéier fir d’Gestioun vu sou engem Gebai och ze maachen (…) » (cf. Reportage op RTL). Mä d’Gemeng mécht net d’Gestioun vun deem Gebai. D’Gemeng ass eenzeg an eleng Proprietär vum Gebai. Ee Gebai ënnert villen aneren. D’Gestioun gëtt vun de Betriber gemaach. Dofir kann ech dëst Argument net gëlle loossen.
2. Concurrence déloyale
Donieft gëtt gesot, « (…) dass mir als Gemeng net do sinn fir op laang Zäit veschidden Initiativen ze ënnerstëtzen, zum Beispill mat bëllege Loyer’en (…) ». D’Roll vun enger Gemeng wier et net fir eng « concurrence déloyale » ze fërderen, andeems eenzel Betriber ee verbëllegte Loyer hätten. Ech muss zouginn, dass ech d’Argument vun der « concurrence déloyale » souguer deelen. An trotzdeem sinn ech der Iwwerzeegung, dass hei eng ganz geféierlech Entscheedung geholl gouf. Amplaz de Buttik ze verkafen hätt een als Gemeng och kënne Proprietär bleiwen an de Loyer einfach erhéijen. Aus menge Gespréicher mat de betraffene Betriber eraus weess ech, dass si dëst souguer relativ sécher akzeptéiert hätten. D’Betriber hätte sou Planungs-Sëcherheet gehat an d’Perennisatioun vum Label « vum Séi » wär garantéiert bliwwen.
Beim geplangte Verkafswäert ass d’Argument vun der « concurrence déloyale » eigentlech och net kohärent. A mengen Aan gëtt de Buttik mat engem Präis vun 1.250.000 € wäit ënner Wäert verkaf (cf. Punkt 3 bei de Contra-Argumenter). De private Keefer kritt doduerch och nees een « avantage concurrentiel » vis-à-vis vun engem Geschäftsmann, deen sou een ähnleche Projet géif wëllen ugoen (Bau + Terrain) an dofir bedeitend méi Geld misst op den Dësch leeën. De Problem vun der « concurrence déloyale » ass beim aktuelle Verkafspräis also net geléist, mä just verlagert.
3. Finanzen
Een aneren Hannergedanken war awer och, fir weider Mëttelen ze hunn fir de Bau vun der neier Schoul ze finanzéieren. Dës nei Schoul ass e wichtege Projet. Mä wann ee spuere muss fir de Bau vun enger neier Schoul kënnen ze finanzéieren, dann wär et méi sënnvoll gewiescht fir d’éischt de Bau vum neie Gemengenatelier (Budget vun 6,7 Milliounen Euro) ze iwwerdenken.
Contra-Argumenter
Dofir sinn a bleiwen ech der Iwwerzeegung, dass de Verkaf vum Buttik vum Séi, sou wéi en elo geplangt ass, de falsche Wee ass. An dëst aus nach méi Iwwerleeungen eraus :
1° D’Konzept
An der Sitzung vum 25. Juli si just de Numm vum Keefer a säi Präis annoncéiert ginn. Ob een eventuellt Konzept vum Keefer géif bestoen, konnt kee eis soen. Och gouf kee schrëftlecht Engagement virgeluecht, dass de neie Proprietär wëll mat de bestoende Locataire weiderschaffen. Ech betounen, dass ech dem Keefer hei kee Reproche maachen : et ass jidderengem säi gutt Recht ze investéieren, wéi hien et fir richteg fënnt. Mä ech maachen de Gemenge-Verantwortlechen de Reproche, dass dës Decisioun iwwert de Knéi gebrach ginn ass. Vill Froen hätte missten am Virfeld gekläert ginn.
Wat geschitt mat den aktuelle Locatairen ? Kënne dës Betriber weider am Gebai schaffen ? Bleiwen d’Aarbechtsplaze vun de betraffene Leit erhalen oder ass hir Existenz a Gefor ? Kënnt dee neie Proprietär mat engem neien, eegene Konzept ? Oder gëtt d’Konzept vum Buttik weidergefouert wéi bis elo ? Wéi steet den zukünftege Proprietär zum Label « vum Séi », engem Label deen a jorelaanger Aarbecht vun alle Partner-Gemengen am Naturpark ausgeschafft gouf ? Ganz vill Froen. Kaum Äntwerten.
Fir kohärent virzegoen hätt ee missten d’Vente ausschreiwen an all potentiell Keefer, zesummen mat den aktuelle Betriber, un een Dësch setzen. Kucken, mat wiem een dat beschte Konzept kann ausschaffen, am Interessi vun alle Parteien : der Gemeng, de Bierger, dem Proprietär, de Partner-Gemengen aus dem Naturpark, dem Label « vum Séi » a virun allem de betraffene Betriber an de Leit déi do schaffen. Alles dat ass awer leider net geschitt.
2° D’Offeren
De Gemengerot war a Kenntnis gesat, dass ee vun de Locatairen och géif eng Offer erareechen. Richteg ass, dass an der Sitzung vum 27. Juni 2017 gesot gouf, dës Offer géif fir de 25. Juli 2017 um Dësch leien. Richteg ass och, dass dës Offer den 25. Juli dem Gemengerot nach net virlouch. Dëst well den Accord vun der Bank nach gefeelt huet. Ech hu gefrot fir dës Offer ofzewaarden, mä d’Majoritéit wollt kee weideren Delai accordéieren. Eng bedauerlech a fir mech onverständlech Decisioun.
3° De Präis
Mam Verkafspräis u sech doen ech mech och ganz schwéier. De Konstruktiouns-Präis vum Gebai am Joer 2008 louch bei insgesamt 2.405.268,87 €. An deem Präis ass de Wäert vum Terrain (41,93 Ar) NET mat dran. Knapp 9 Joer méi spéit verkeeft d’Gemeng dat Ganzt (also Gebai MAT Terrain) fir 1.250.000 € ! Bei engem Objet wéi dem « Buttik vum Séi » wier et absolut noutwenneg gewiescht, dass eng Expertise gemaach géif ginn, fir de Wäert vum Gebai objektiv festzestellen. Leider ass dëst och net geschitt. Et gouf behaapt de Präis vun 1.250.000 € wier de Maart-Präis. Ech si keen Immobilien-Expert, mä ech ka mir beim beschte Wëlle net virstellen, dass e Gebai innerhalb vun 9 Joer bal d’Halschent u Wäert verléiert (ouni vum Wäert vum Terrain ze schwätzen).
4° De Subside
De Buttik vum Séi ass deemools mat finanzieller Ënnerstëtzung vum Landwirtschafts-Ministère gebaut ginn. Insgesamt huet de Ministère iwwert de « Programme de développement rural » (PDR) bis 2008 a 4 Tranchen esou 942.394,50 € bäigesteiert. Wann d’Gebai awer sollt innerhalb vun 10 Joer verkaf ginn, sou muss d’Gemeng d’Subsiden « au prorata » zréckbezuelen. Sou huet eis dat den zoustännege Minister Fernand Etgen an engem Schreiwes den 30. Januar 2017 matgedeelt.
Dee Montant deen zréckzebezuelen wier géif sech op +/- 10.000 € belafen. Eng relativ kleng Zomm am Verglach mam Gesamtbetrag. Mä eng Zomm mat groussem politesche Schued. Well ech denken, dass d’Gemeng Esch-Sauer am Kontext vum PDR an Zukunft wuel éischter kee Projet méi brauch anzereechen. A vum Prinzip hier empfannen ech et souwisou als onméiglech Situatioun, wann eng Gemeng muss Subsiden zréckzebezuelen.
5° D’Kommunikatioun
Wuel stoung de Verkaf vum Buttik op der Dagesuerdnung vun der Sitzung vum 25. Juli drop. Mä de Gemengerot ass am Virfeld vun dëser Sitzung net iwwert d’Offer vu Petro-Center an d’Bild gesat ginn. De Numm vum Keefer (Petro-Center), grad wéi och de Präis, (1.250.000 €) sinn dem Gemengerot eréischt während der Sitzung matgedeelt ginn. An dann muss ee sech innerhalb vun e puer Minutte decidéieren, ob e Compromis mat Petro-Center soll ausgeschafft ginn oder net ?! Bei allem Respekt : de Gemengerot ass d’Kontroll-Organ vum Schäfferot. Ee Conseiller muss kënne seng Recherchen virun der Sitzung maachen. Dofir steet jo och am Gesetz, dass de Gemengerot seng Informatiounen op d’mannst 5 Deeg am Virfeld muss kréien.
Dass ënnert verschiddenen Ëmstänn eng Informatioun eréischt ganz kuerzfristeg zur Verfügung steet, dat ka virkommen. Dofir hunn ech och Versteesdemech. Mä et ass awer inakzeptabel, dass een d’Zäit net fënnt fir de Gemengerot op d’mannst informell per E-Mail ze informéieren. Besonnesch wann ee jo awer d’Zäit fonnt huet fir d’Presse am Virfeld driwwer ze informéieren (cf. Artikel am Tageblatt vum 25. Juli 2017). D’Presse hat d’Informatiounen virun der Sitzung. De Gemengerot, deen driwwer soll befannen, hat dës Informatiounen net ! Elleng aus Transparenz-Grënn hätt een de Punkt vum Verkaf sollen op déi nächst Gemengerots-Sitzung reportéieren. Fir dass all Conseiller d’Zäit hätt, sech a Rou mam Dossier auserneenzesetzen. Mat ALLEN Informatiounen.
Mä d’Decisioun ass geholl. Dont acte. An et war eng demokratesch Decisioun. Mä och wann een dës Decisioun sou akzeptéiere muss, sou heescht dat net, dass een domat averstane muss sinn. Ech sinn net domat d’accord. An dozou stinn ech ! Ëmmerhin hunn ingesamt 6 Conseillere’er dës Approche gedeelt an, sou mengen ech mol, eng grouss Majoritéit vun eise Bierger och.
Op alle Fall sinn ech der Iwwerzeegung, dass et meng Flicht als Conseiller ass, alles kritesch ze hannerfroen a meng Entscheedunge no beschtem Gewëssen ze huelen. A soulaang ech nach am Gemengerot sinn, wäert ech dat och maachen. Bis de läschten Dag.