Wa Gemengepolitiker iwwert Gemengefinanzen schwätzen, hu si oft Tendenz vun der « Pro-Kapp-Verscholdung » ze schwätzen. Mä d’Gemengefinanzen um Critère vun der « Pro-Kapp-Verscholdung » ze moossen, ass a mengen Aen méi wéi bedenklech.
Firwat ? Hei e Beispill : D’Famill A, eng jonk bestuete Koppel mat engem Kand, verdéngt 2.500 € am Mount a muss all Mount 1.500 € op hir Schold zréckbezuelen. D’Famill B, eng eeler Koppel vun 2 Affekoten, verdéngt 10.000 € pro Mount a muss all Mount 3.000 € op hir Schold zréckbezuelen. D’Pro-Kapp-Verscholdung am jonke Stot ass 500 €, während déi vun der eelerer Koppel mat 1.500 € op de Kapp dräi mol sou héich ass. An awer : déi eeler Koppel huet wuel kaum Problemer iwwert d’Ronnen ze kommen an déi jonk Elteren riskéieren iwwerschold ze ginn.
Dofir seet de Critère vun der « Pro-Kapp-Verscholdung » eigentlech wéineg bis näischt aus. Vill méi wichteg ass et ze kucken, wéi héich engem seng Fähegkeet ass, fir seng Schold zréckzebezuelen. Déi sougenannten « Capacité de remboursement ».
Ech probéieren déi Logik elo op d’Situatioun vun der Gemeng Esch-Sauer ze iwwerdroen : Am ordinaire Budget vun enger Gemeng stinn op där enger Säit d’Einnahmen déi eng Gemeng am Normalfall all Joer kritt. Donieft stinn d’Ausgaben, déi eng Gemeng all Joer muss bezuelen (z. Bsp. d’Paien vun de Gemengebeamten an der Aarbechter, d’Energiekäschte vun de Gebaier, Gelder déi op Schold zréckbezuelt ginn asw). Den Iwwerschoss, spréch d’Differenz tëschent den ordinären Einnahmen an den ordinären Ausgaben, ass de finanzielle Spillraum, deen der Gemeng bleift fir extraordinär Projet’en ze finanzéieren (z. Bsp. en neien Atelier, eng nei Schoul asw.).
Dëse finanzielle Spillraum ass an de leschte Joren, am Fall vun der Gemeng Esch-Sauer, mat enger dramatescher Vitesse permanent méi kleng ginn. Hat d’Gemeng Esch-Sauer am Joer 2014 nach 1.860.000 € Iwwerschoss am ordinäre Budget, sou sinn dat am Budget 2017 just nach 610.000 €. Zwee Drëttel manner bannent 4 Joer !
De Fall gesat, d’Gemeng kéint déi negativ Entwécklung stoppen an de Niveau vum Iwwerschoss kéint op 610.000 € gehaal ginn (trotz neiem Kollektiv-Vertrag SAS, trotz Indexatioun vun de Salairen, trotz Reform vum Pompjeeswiesen asw.) : dat géif heeschen, dass d’Gemeng all Joer kann weider 610.000 € op eng Schold zréckbezuelen fir nei Projet’en ze finanzéieren.
Konkret géif dat haut heeschen : bei engem Zëns vun 1% kéint een, op 20 Joer gekuckt, 9.890.000 € geléint kréien. A kee Su méi !
De Problem ass awer, dass Esch-Sauer eng nei Schoul brauch. Virsiichteg geschat wäert déi Schoul +/- 28.000.000 € netto fir d’Gemeng kaschten (Laut Ausso vu Schroeder & Associés souguer 30 Mio Euro netto fir d’Gemeng). Dobäi kënnt nach de Bau vun engem neien Atelier, dee mat 6.690.902 € budgetiséiert ass (a priori +/- 4.800.000 € netto fir d’Gemeng).
D’Rechnung ass also séier gemaach : Projet’en fir +/- 32.800.000 € géintiwwer Finanzmëttel vun +/- 9.890.000 €. An déi Rechnung kann net opgoen !
Wann eng nei Schoul am Alebësch sollt gebaut ginn, sou kann selbstverständlech den Terrain vun der aktueller Schoul als Wunnraum genotzt ginn. Dëst géif der Gemeng och erëm Gelder an d’Keess bréngen. Mä mir schwätzen hei vun engem Areal vun +/- 120 Ar. Wann een d’Infrastrukturen erausrechent (Stroossen, Gréngzone asw.) wäerten +/- 100 Ar als Bauterrain kënne verkaf ginn. Mä souguer bei engem Verkafspräis vun 30.000 € den Ar (Demolitiouns-Käschte vum aktuelle Site spillen hei eng wichteg Roll), géif d’Gemeng sou « nëmmen » 3.000.000 € zousätzlech zu den 9.890.000 € hunn.
An d’Rechnung geet och deen Ament net op : Projet’en fir +/- 32.800.000 € géintiwwer Finanzmëttel vun +/- 12.890.000 € !
Dës Argumentatioun hunn ech am Gemengerot duergeluecht : fir d’éischt d’Schoul bauen an duerno kucken ob et finanziell méiglech ass fir den Atelier och ze bauen. Dofir hunn ech och géint de Projet vum Atelier gestëmmt. Leider hu meng Argumenter weder de Schäfferot, nach d’Majoritéit vum Gemengerot kënnen ëmstëmmen. De Projet vum Atelier gëtt ëmgesat.
Menger Meenung no bedeit dat, dass d’Schoul net ënnert där Form wäert gebaut ginn, wéi se geplangt ass. Dass eis Gemeng riskéiert nach innerhalb vun der nächster Legislatur-Period iwwerschold ze sinn. Et waren och déi selwecht finanziell Bedenken, déi mech virun e puer Joer dozou beweegt haten, géint de Projet vun engem Séi-Zenter ze stëmmen (Nota : géint eng oppen Séibühn hunn ech mech nie gewiert, wuel awer géint ee Séi-Zenter mat Concerts- Theater-Sall a Restaurant). Deemools gouf ech kromm bekuckt wéinst menger Analyse. Haut wësse mir, dass de Séi-Zenter, haaptsächlech aus finanzielle Grënn, net gebaut ka ginn.
Wéi gesot : D’Finanzen wäerten de GRÉISSTE Problem fir d’Gemeng Esch-Sauer an der nächster Legislatur-Period ginn. Onofhängeg dovun, wien am Gemengerot sëtzt. Well d’Decisioune, déi d’Gemeng finanziell bannen, virop de Bau vun engem iwwerdeierten Atelier, si gréisstendeels geholl.
Bei Geldnout ass d’Gefor grouss, am Affekt ze handelen fir séier u Geld ze kommen. Ech hoffen, dass de Conseil e klore Kapp behällt an de Patrimoine vun der Gemeng net onnëtz verschleidert.