5. Nopeschfest zu Heischent

Image1.png

E gutt Zesummeliewen an eng gutt Liewensqualitéit a mengem Duerf : eigentlech wëll all Bierger dat. A fir een dynamescht Duerfliewen ze garantéieren schéngt et och evident, dass een d’Gewunnechten, déi kulturell a generationnell Differenzen vu senge Nopere soll besser kennen fir se ze verstoën.

D’Leit aus dem Neiewee an aus dem Schaakspesch vun Heischent sinn der Meenung, dass ee Nopeschfest eigentlech de beschte Wee ass fir sou een Zesummeliewen tëschent de Leit ze förderen. Dofir hu si de 27. Mee 2017 hiert mëttlerweil 5. Nopeschfest organiséiert, wou eng knapp 70 Noperen sech bei der Sportshal zu Heischent zesumme fonnt hunn fir ze feieren. Onofhängeg dovun, dass et ëmmer flott ass ze feieren, gëtt op dësem Wee och der Exclusioun vu verschiddene Gruppen entgéintgewierkt a verhënnert, dass déi eeler Leit isoléiert ginn.

Während déi kleng Noperen sech um Sprangschlass konnten ameséieren, hunn déi Grouss fir hir Nopere gegrillt a gebak. Dat perfekt Wieder huet och säin Deel zur gudder Stëmmung bäigedroen, sou dass bis spéit an d’Nuecht zesumme gepotert, gefeiert a gelaacht gouf.

Sou ass dëst Joer zum Beispill e weidert klengt Fest decidéiert ginn, wou déi portugiesesch an déi lëtzebuergesch Noperen sech hir eege Kultur wëlle géigesäiteg méi no bréngen : typescht Iessen an traditionell Lidder vum Noper kenne léieren, stinn demnächst um Programm.

Dofir kann ech all Mënsch nëmme rooden och bei sech esou ee Nopeschfest ze organiséieren. Dir wäert gesinn : seng Nopere besser kennenzeléieren dréit zu enger besserer Stëmmung am Quartier bai.

Eent steet elo op alle Fall scho fest : 2018 gëtt dat sympathescht Fest am Neiewee an am Schaakspesch nees widderholl !

 

Publicité
%d blogueurs aiment cette page :