De Patient Euro wor krank. Vu Gebuert un. Schonn 2002 wor gewosst (cf. Robert Mundell), dass eng Währungsunioun tëschent allen aktuellen Euro- Länner net optimal wier. Et hätt ee missten eng Selektioun maachen vun alle Kandidaten. Mee en Vue vum ambitionéierte Projet Euro wor de politesche Wëllen deemools aus verständleche Grënn méi grouss wéi déi economesch Realitéit. Poursuivre la lecture de « Grexit : Päscht oder Cholera !? »
EU-Personal Poker
En Dënschdeg Owend (dem 27. Mee 2014) huet de Jean-Claude Juncker de Réck also net gestäipt kritt fir de Posten vum President vun der europäescher Kommissioun. Villméi gouf et virgezunn dem Herman Van Rompuy den Optrag ze ginn, bis Enn Juni ze sondéieren, ween dann elo kéint President vun der Kommissioun ginn. E schlechte Witz ? Leider net. Poursuivre la lecture de « EU-Personal Poker »
Waat ass den Euro nach wäert ?
Mat der Kris a Griichenland héiert een ëmmer méi Leit jéimeren an fuederen, dass mir den Euro nees oofschaafen an de gudden aale lëtzebuerger Frang zréck kréien. Stell Dir mol viir, mir hätten an dëser Krisenzäit keen Euro, mee lauter national Devisen. E Land, deem et nët gudd geet, keng Suën an der Staatskees huet, wou d’Wirtschaft um Buedem ass a wou vill Arbechtslosegkeet ass, huet deen Ament d’Méiglechkeet seng Währung ze entwerten : eng Dévaluatioun. Poursuivre la lecture de « Waat ass den Euro nach wäert ? »
€uro : Quo vadis ?
Wann ee vun de gudde Säite vum Euro schwätz, héiert een haaptsächlech ëmmer neess daat selwecht Argument : flott, dass den Tourist mat der selwechter Währung an all europäësche Land ka bezuelen. Daat ass och flott. Poursuivre la lecture de « €uro : Quo vadis ? »