EU-Personal Poker

IMG_1906.JPG

En Dënschdeg Owend (dem 27. Mee 2014) huet de Jean-Claude Juncker de Réck also net gestäipt kritt fir de Posten vum President vun der europäescher Kommissioun. Villméi gouf et virgezunn dem Herman Van Rompuy den Optrag ze ginn, bis Enn Juni ze sondéieren, ween dann elo kéint President vun der Kommissioun ginn. E schlechte Witz ? Leider net.

Dëst kann een als regelrechten Affront betruechten, wann ee bedenkt, dass de Jean-Claude Juncker de 7. Mäerz 2014 vun der EVP (Europäesch Vollekspartei) als Spëtzekandidat fir dëse Posten gewielt gouf. An et ass schwéier ze akzeptéieren, dass e klenge Gremium vun 28 Leit e President vun der Kommissioun kéint proposéieren, ouni och nëmmen am Geréngsten dem Resultat vun de Wahlen Rechnung ze droen. Et kann net einfach esou gemaach ginn, wéi wann ni vun engem Spëtzekandidat rieds goung. Mir Wieler hunn e Recht drop. E Recht,  dass och op eis Stëmm gelauschtert gëtt. E Recht op Demokratie !

Dem Jean-Claude Juncker säin schwéierste Géigner wor bekanntlech de Martin Schulz vum S&D Group (Allianz vun de Sozialisten an Demokraten am Europaparlament). An ausgerechent de President vum S&D Group, den Hannes Swoboda, trëfft hei de Nol op de Kapp : « Et ass absurd, dass de Jean-Claude Juncker eis Ënnerstëtzung huet fir d’Verhandlungen ze starten, mee dass hien vu senger eegener politescher Famill blockéiert gëtt » (Fräi Iwwersetzung).

Spéitstens zanter dem Rolf-Dieter Krause sengem Kommentar an den Tagesthemen vum 28. Mee 2014 wësse mir, dass de Jean-Claude Juncker innerhalb vun der EVP net nëmme Frënn huet. Ergo goung et en Dënschdeg Owend och drëm, eenzel Regierungs-Cheffen  bei Laun ze halen, ënner anerem den David Cameron. An dat schéngt mir de Grond ze sinn, firwat den Herman Van Rompuy zu Sondéierungsgespréicher gefrot ginn ass.

Et kann een sécherlech doriwwer diskutéieren op de Jean-Claude Juncker de richtege Kandidat fir de Posten vum Kommissiouns-President ass. Mee déi Diskussioun gouf am Virfeld vun den EU-Wahle gefouert. De 25. Mee huet de Wieler geschwat. An deem muss lo Rechnung gedroe ginn.

Jo, de Jean-Claude Juncker fënnt keng Ënnerstëtzung bei Leit wéi dem David Cameron oder dem Viktor Orbán. Mee wéi ee Kandidat kann da méi eng breed Ënnerstëtzung am Europaparlament fannen wéi dee Mann, dee virun de Wahlen als Spëtzekandidat presentéiert gouf? Ech mengen, d’Äntwert ass séier fonnt : Keen ! A souguer fir aner potentiell Kandidate wéi d’Christine Lagarde oder d’Helle Thorning–Schmidt dierft et äusserst schwiereg ginn, wann net souguer onméiglech, fir eng Majoritéit am Conseil AN am Europa-Parlament hannert sech ze bréngen. An dofir sinn a bleiwen ech der Iwwerzeegung, dass de Jean-Claude Juncker nach ëmmer de grousse Favorit fir de Posten vum Kommissiouns-President ass.

Kommt, mir probéieren dëse Prozess mat e bëssen Distanz ze kucken. De Jean-Claude Juncker huet nach ëmmer reell Chancen, als éischten iwwert d’Arrivée ze kommen. Sou wéi mir Wieler dat versprach kruten. Reell Chancen, dass d’EU-Institutiounen dat néidegt Demokratie-Empfannen hunn, dat de Wieler berechtegterweis vun hinne verlaangt. Wann dëst allerdéngs net sollt de Fall sinn, dann ass dat klore Bedruch um Wieler a mir däerfen eis net wonneren, wann d’Wieler progressiv an d’Äerm vun den Anti-Europäer gedriwwe ginn.

Mee d’Hoffnung stierft bekanntlech als lescht.

Heischent, am Mee 2014.

Publicités