Verlaangt méi vun de Steieren a manner vum Steierzueler !

kand

Zanter haut ass et dann offiziell : Mir kréien eng  Kontributioun vun 0,5% fir d’Kannerbetreiung ze finanzéieren ! Ob dat elo gutt oder schlecht ass, berechtegt oder net, dat muss jiddereen fir sech entscheeden. Fakt ass, dass den aktuellen a nach relativ rezente System vun de Chèque-Service ee System ass, deen et gëllt ze verbesseren. Well de System muss méi egalitär ginn. Net nëmmen an deem méi Plazen geschaaft ginn, mee och an deem de Kofinanzement vun den Elteren méi gerecht gëtt.

Aktuell gëllt : wat ee méi verdéngt, wat et méi deier gëtt fir säi Kand an enger maison-relais ënner ze bréngen. Dësem Prinzip kann eigentlech kee widderspriechen, virausgesat all Bäitrag ass och der reeller finanzieller a sozialer Situatioun vun de Leit ugepasst.

An awer : Bestuet oder pacst Iech net ! Da gëtt d’Maison-Relais Iech (vill méi) bëlleg !

Well wann dir weder bestuet, nach gepacst sidd an Äert Kand wëllt an d’maison-relais ginn , da gëtt just de Revenu vun engem Elterendeel (*) a Betruecht geholl, fir Är Contributioun auszerechnen. Sidd Dir awer bestuet oder gepacst , da ginn déi 2 Revenuen verrechent, mat der Konsequenz dass d’maison-relais doduerch méi deier gëtt. Dës Situatioun ass net nëmmen erstaunlech, mee virun allem fundamental ongerecht. Bei gläichem Loun mussen och gläich Tarifer gëllen ! Dofir muss fir d’éischt mat aller Kraaft probéiert ginn den aktuelle System ze verbesseren. Réischt  duerno, nodeems d’Zieler definéiert an d’Käschten ausgerechent sinn, soll een eng eventuell weider Contributioun analyséieren.

Wann systematesch d’Akommes vum ganze Stot géif a Betruecht geholl ginn (egal ob bestuet, gepacst, oder am Concubinage) fir d’Bedeelegung vun den Elteren auszerechnen, dann hätt de Pappa Staat souguer op ee Coup 2 Zieler erreecht :

– der glorifizéierter sozialer Selektivitéit géif mat « effet immédiat » Rechnung gedroen ginn (bei gläichem Gehalt bezillt dann eng net bestuete Koppel och de selwechte Betrag wéi eng bestuete Koppel)

– doduerch stéinge méi Gelder zur Verfügung, déi anerwäerts kéinte sënnvoll, am Interessi vum Kand, agesat ginn.

Dofir fannen ech dem Ben Fayot seng Aussoen a senger Carte blanche (http://www.rtl.lu/meenung/carte-blanche/567645.html) op der Antenne vun RTL bemierkenswäert. Eng objektiv Analyse vun der Situatioun, lassgebonne vun all Parteidenken. Emsou méi bemierkenswäert, wann een dem Här Fayot seng politesch Bluttgrupp kennt !

An dësem Sënn : Kommt, mir verlaange méi vun de Steieren … a manner vum Steierzueler !

 

Heischent, den 22. September 2014

(*) d’Erklärung heizou ass relativ technesch, mee ech stinn per PN awer gären Ried an Äntwert.

Publicité
%d blogueurs aiment cette page :