Dat konspirativt personalpolitescht Trauerspill an der Gemeng Esch-Sauer geet an eng weider Ronn : Virun 3 Joer wor en eestëmmegen Accord gemach ginn. Den Deal wor, dass déi 3 aktuell Schäffen (Weiler, Binsfeld, Rippinger) Enn 2014 sollten démissionnéieren an duerno duerch 3 nei Schäffen (Zeien, Karier, Lanners) ersaat ginn. Dësen Accord ass allerdéngs net bindend, well d’Wahlgesetz kee « Splitting » virgesäit. Dofir gëllt hei de Prinzip vum géigesäitege politeschte Vertrauen (trotz ënnerschriwwenem Accord).
Déi 3 aktuell Schäffen hunn effektiv demissionnéiert. Dës Demissioun ass och vum Inneminister akzeptéiert ginn. Formell gesinn hunn déi 3 nei Kandidaten awer nach vum Gemengerot misste gestëmmt ginn. Am Prinzip just eng Formsaach, well jo en Accord besteet. Allerdéngs ass dëst eng geheim Oofstëmmung. Resultat : vun den 13 Gemengerots-Memberen huet sech eng Majoritéit net un den Accord gehaalen. Wuertbroch mat engem vote secret ass jo och vill méi einfach, wéi argumentativ ze débattéieren…
Dass een seng Meenung no 3 Joer zu menger Persoun kann änneren, dat kann ech akzeptéieren. Mee ech fannen et bedauerlech , dass weder am Viirfeld vun der Setzung, nach no der Sëtzung, déi Leit déi anscheinend e Problem mat mir hunn, mir de Grond fir dëse Vertrauensbroch genannt oder erklärt hunn. Dat ass definitif keen Zeechen vun mënschlecher a scho guer net vu politescher Gréisst !
Et geet net ëm meng kleng Persoun. Sëcher net. Mee et ass bedenklech, dass och de Serge Zeien an de Roger Lanners net unanime gewielt goufen. Dat as en denkbar schlechte Start fir déi nei Equipe an virun allem keen denkwürdegen Abgang fir déi al Equipe. Dëst ass besonnesch schued, well d’Erënnerungen un d’personalpolitsch Spillecher aus der Vergaangenheet lues awer sëcher aus de Käpp verschonne woren, lo awer nees onnéideg Uelech op d’Feier geschott gouf. Dat wor absolut onnéideg, wann ee bedenkt wat fir schwiereg Zäiten op eis Gemeng duerkommen.
Ech weess awer och, dass eng Parti Conseiller’en zu hierem Wuert stoungen. Merci hinnen dofir. Merci dem Serge Zeien, dem Roger Lanners, dem Roger Origer, dem Myriam Zoetaert an dem Jeannot Sanavia, déi mir no der Sëtzung hir Soldaritéit ausgeschwaat hunn.
Fir mech perséinlech gëllt nach ëmmer: e Wuert ass e Wuert. Och an der Politik. Och no der Sëtzung vun de moien.
Ech huelen d’Resultat vun de Moien sportlech a wënschen dem neie Schäffenrot, bonne chance fir déi kommend, schwiereg Joren.
Mee eng Saach ass sëcher : ech démissionnéiere NET a wäert dem Schäfferot a besonnesch dem Buergermeeschter, ganz genee op d’Fanger kucken. Ouni Complaisance!
Heischent, den 11 Dezember 2014