Politesch Erneierung : eng Fro vum Gläichgewiicht

D’Walen si gelaf. D’Analysen lafen op Héichtouren. Déi Eng erfreeën un hirem Resultat, déi Aner lecken hir Wonnen. Nach Anerer vertréischten sech, dass si hiert Resultat ëmmerhi konnten halen.

Erstaunlech bei allen Analysen ass awer, dass de Verglach vun enger Wal op déi aner systematesch op 2 verschidde Methode presentéiert gëtt : Poursuivre la lecture de « Politesch Erneierung : eng Fro vum Gläichgewiicht »

Publicité

Reform vum Walgesetz !? Iwwert Rescht-Sëtz a Bezierker …

Kuerz no de Walen héiert een et aus villen Ecken : „Eise Walsystem muss iwwerschafft ginn … D’Zäite vun de Bezierker sinn iwwerliewt … Mir brauchen een eenzege Walbezierk … Ech kann a mengem Bezierk mol net direkt fir ee nationale Spëtzekandidat stëmmen“. An et heescht dës Remarquen eescht ze huelen.  Poursuivre la lecture de « Reform vum Walgesetz !? Iwwert Rescht-Sëtz a Bezierker … »

Gemengefinanzreform : den Däiwel stécht am Detail

sans-titre.png

D’Gemengefinanzen solle reforméiert ginn, d.h. de Schlëssel no deem d’Gemengen Suen aus dem Staats-Dëppen kréien, soll nei definéiert ginn. Dass eng Gemengefinanzreform soll kommen ass prinzipiell begréissenswäert, well et ass wichteg d’Gemengefinanzen ze stabiliséieren an de System vum Finanzement méi transparent ze gestalten. Allerdéngs riskéiert déi Reform op Käschte vun de ländleche Gemenge ze goen. Poursuivre la lecture de « Gemengefinanzreform : den Däiwel stécht am Detail »

Wahlrecht ab 16

wahlrecht

Am Juni ginn d’Lëtzebuerger zu verschiddensten Themen ëm hier Meenung gefrot, ënnert anerem ob ee schonn mat 16 Joer an Zukunft däerf wiele goen. Eng Saach virop geschéckt : Ech hunn absolut Versteesdemech fir jonk Leit, déi fir sech e Wahlrecht ab 16 Joer revendiquéieren. Mee ech hunn trotzdem staark Bedenken. Poursuivre la lecture de « Wahlrecht ab 16 »

EU-Personal Poker

IMG_1906.JPG

En Dënschdeg Owend (dem 27. Mee 2014) huet de Jean-Claude Juncker de Réck also net gestäipt kritt fir de Posten vum President vun der europäescher Kommissioun. Villméi gouf et virgezunn dem Herman Van Rompuy den Optrag ze ginn, bis Enn Juni ze sondéieren, ween dann elo kéint President vun der Kommissioun ginn. E schlechte Witz ? Leider net. Poursuivre la lecture de « EU-Personal Poker »

E waarmen Hierscht : 180 Grad am Oktober

180grad

Den 2. Februar 2013, also virun knapps 8 Méint, wor de Xavier Bettel an der Emissioun « Background am Gespréich ». Ech kann mech nach ganz gutt un déi Emissioun erënneren, well ech mir deemools gesot hunn : nu kuck de Bettel ! Dat ass e kénge Borscht ! Deen huet de Culot fir vu vir eran ze soen, hien wëllt net an déi nächst Regierung goen. Egal wat geschitt. « Chapeau Här Bettel » duecht ech bei mir. Poursuivre la lecture de « E waarmen Hierscht : 180 Grad am Oktober »

Den Norden : politesch zougebriedert ?

Image1

Am E’sléck gëtt dacks gesoot, de Norde géif um nationale Niveau vernoléissegt ginn. Et gët reegelméisseg iwwert den E’slécker gelaacht an him noogesoot, hien hätt diesbezüglech e Minderwertegkeets-komplex. Mee et kann een, an et soll een och probéieren d’Analyse ze maachen ob deem wierklech esou ass. Fir dëst ze mossen, ginn et a méngen Aan 2 Methoden. Poursuivre la lecture de « Den Norden : politesch zougebriedert ? »