Déi Saach mam gudde Beispill …

spueren.jpg

All Joer am Dezember gëtt an de Gemengen de Budget diskutéiert. Sou och zu Esch-Sauer. Een Exercice, deen ech als wichtegsten Exercice vum Joer empfannen. Dofir probéieren ech och all Joer de Budget kritesch ënnert d’Lupp huelen.

Ech wëll op dëser Plaz keng groussaarteg technesch Analyse vum Budget maachen, mä ech wëll ee spezifesche Punkt eraushiewen. Ee Punkt, deen finanziell net extrem an d’Gewiicht fällt, awer ee Punkt op deen ech all Joer, ouni Succès, hiweisen. Rieds geet vun den Indemnitéiten an de Jetons de présence, déi déi politesch Responsabel kréien. Iwwert d’Héicht vum Montant kann de Gemengerot selwer decidéieren, ouni dobäi de plafonnéierte Betrag, deen gesetzlech festgehal ass, ze iwwerschreiden.

Sou ass de maximale Betrag, deen e Schäfferot fir säi Mandat ka kréien, am Règlement grand-ducal vum 13. Februar 2009 festgehalen. Et ass virgesinn, dass d’Indemnitéiten fir de Buergermeeschter a seng Schäffen proportionell zur Gréisst vun der Gemeng sinn. Dëst schéngt logesch an entsprécht och der Realitéit um Terrain : wat eng Gemeng méi grouss ass, wat d’Gemengepolitiker och méi Aarbecht hunn.

Mä lo gëtt et spitzfindeg : d’Gréisst vun der Gemeng ! D’Gréisst vun der Gemeng gëtt am Règlement grand-ducal net iwwert d’Unzuel vun den Awunner definéiert, mä iwwert d’Unzuel vun de Memberen am Gemengerot. An d’Gemeng Esch-Sauer hätt, vu senger Awunnerzuel hier, 9 Conseiller’en zegutt. Bedéngt duerch d’Fusioun besteet de Gemengerot zu Esch-Sauer awer an enger Iwwergangsphase bis 2017 aus insgesamt 13 Leit (an net 9). An de Gemengerot vun Esch-Sauer decidéiert dann och all Joer, de maximale Betrag auszebezuelen, dee bei 13 Conseilleren méiglech ass. Obwuel der Gemeng Esch-Sauer eigentlech just 9 Conseilleren géifen zoustoen. Eng Situatioun op déi ech all Joer beim Budget hiweisen.

D’Differenz bei den Indemnitéiten ass dach sensibel, wéi Dir am Tableau hei drënner gesitt. E Buergermeeschter vun enger Gemeng mat 9 Conseiller’en kann maximal 980,59 € de Mount als Indemnitéit ausbezuelt kréien. E Buergermeeschter vun enger Gemeng mat 13 Conseiller’en kann awer maximal 1.637,16 € de Mount ausbezuelt kréien. Eng substantiell Differenz also. Bei de Schäffen ass d’Situatioun ähnlech : 920,90 € amplaz vun 460,45 € de Mount (cf. règlement grand-ducal : 59,40 € an 118,80 €, Index 775,17).

Sans titre.png

(Nota : D’Gesetz gesäit beim Buergermeeschter eng Indemnitéit vun 211,20 €, respektiv 126,50 € vir. Bei engem Index vun 775,17 ginn dat 1.637,16 €, amplaz vun 980,59 € pro Mount. Beim Schäffen sinn 118,80 €, respektiv 59,40 € virgesinn. Indexéiert ginn dat 920,90 €, amplaz vun 460,45 € pro Mount.)

De Jeton vun engem Conseiller ass sengersäits net iwwert dëse Règlement grand-ducal definéiert, ass awer am Gemengegesetz am Artikel 27 verankert, dee seet « des jetons de présence peuvent être attribués », ouni awer e maximale Betrag ze nennen. Mä och hei denken ech : wann d’Gemeng muss spueren, da sollen d’Politiker bei sech selwer domat ufänken. E Jeton vun 15 € (Index 100) wier dofir vertrietbar.

Wann ech dëse Sujet bei de Budgets-Diskussiounen uschwätzen, ginn och all Kéier Argumenter dogéint geliwwert :

  • Bedéngt duerch d’Fusioun steet och méi Aarbecht un. Dofir ass eng méi héich Indemnitéit berechtegt. Mäi Géigenargument : d’Gemeng huet dofir jo och 3 Schäffen a keng 2, 13 Leit am Conseil an net just 9. Fir dass d’Aarbecht kann op méi Leit verdeelt ginn.
  • De Stonneloun fir Gemengepolitik ze maachen ass schonn extrem kleng. Mäi Géigenargument : Jo, dat stëmmt. Mä all déi aner Gemenge mussen hir Indemnitéiten un dëse Règlement grand-ducal upassen. Just Esch-Sauer huet, bedéngt duerch aussergewéinlech Ëmstänn (Fusioun), e Wee fonnt fir d’Reegele méi flexibel ze gestalten. Fir mech ass dat moralesch verwerflech.
  • Déi aktuell Indemnitéite sinn absolut legal. Mäi Géigenargument : och wann eppes legal ass, sou heescht dat net automatesch dass et och legitim ass. An dat scho guer net bei der aktueller Finanzlag vun der Gemeng.

Meng Demande gëtt och all Joer am Gemengerot verworf a reegelméisseg als populistesch duergestallt. Heizou kann ech just soen : wa mir mat menger Demande Populismus ënnerstallt gëtt, sou fannen ech dat bedauerlech, well ech meng Kritiken ëmmer mat Zuelen beleeën.

Ech si mir bewosst, dass ee Gemengebudget mat menger proposéierter Mesure net sanéiert ka ginn. Well de Betrag vu 31.431,59 € dee pro Joer kann agespuert ginn (Buergermeeschter 7.878,83 €, 3 Schäffen 16.576,24 €, 9 Conseilleren 6.976,53 €), ass am Verglach mam Gesamtbudget dach relativ geréng. Op eng Legislatur vu 6 Joer gekuckt sinn dat allerdéngs schon méi wéi 180.000 €. Also awer eng Staang Geld.

Ech sinn a bleiwen der Iwwerzeegung, dass e Politiker muss kredibel vis-à-vis vu de Bierger sinn an dofir och mam gudde Beispill soll virgoen.

Publicité
%d blogueurs aiment cette page :