Den 7. September 2016 huet de Marionettentheater Tutebatti d’Kanner aus dem SOS Kannerduerf Lëtzebuerg zu Miersch an déi magesch Welt vum Marionettentheater invitéiert. Mat grousser Spannung a vill Begeeschterung huet dee jonke Publikum d’Geschicht vum Tutebatti, dem Jempi, der Hex Rumpumpelknuddelfuzz, an engem geklaute Gebuertsdagskado matverfollegt … an dobäi geléiert, dass och « béis » Hexen kënnen e gutt Häerz hunn.
No der Virstellung hu mir de Kanner d’Méiglechkeet ginn fir Marionetten och selwer kennezeléieren an auszeprobéieren. Bei engem gudde Stéck Kuch gouf duerno nach e bësschen Zäit zesumme verbruecht.
Mir haaten e schéinen Nomëtteg. Mir soe villmools Merci fir dee léiwen Empfang, souwuel vun der Administratioun, wéi och vun de Mammen. E besonnesche Merci geet awer un d’Kanner, déi eis Marionette mat oppenen Äerm empfaangen hunn. A well si all sou begeeschtert waren, hu mir decidéiert demnächst nach eng Kéier op Besuch ze kommen.
*<):o)