D’Gemengefinanzen solle reforméiert ginn, d.h. de Schlëssel no deem d’Gemengen Suen aus dem Staats-Dëppen kréien, soll nei definéiert ginn. Dass eng Gemengefinanzreform soll kommen ass prinzipiell begréissenswäert, well et ass wichteg d’Gemengefinanzen ze stabiliséieren an de System vum Finanzement méi transparent ze gestalten. Allerdéngs riskéiert déi Reform op Käschte vun de ländleche Gemenge ze goen.
Firwat ? Well d’Critèren, no deenen déi eenzel Gemengen an Zukunft wäerte finanzéiert ginn, nei definéiert ginn. E wichtegt Element ass hei, besonnesch fir déi ländlech Gemengen, dass der Fläch vun de Gemengen wäert keng Rechnung méi gedroen ginn ! Déi ländlech Gemengen mat niddreger Densitéit (also mat wéineg Awunner pro km2) wäerten no der Reform manner Suen zur Verfügung hunn. Dëst bedeit also och manner Servicer fir hir Bierger !
Et kéint ee soen, déi ländlech Gemengen bräichte jo just méi dicht ze bauen fir hir Finanzen ze stabiliséieren, si missten also méi Densitéit kréien. Jo, mä gläichzäiteg kréien dës selwecht Gemengen awer aus landesplaneresche Grënn Limitten a hirem Wuesstem gesat, well se net intensiv an dicht bauen däerfen ! Dëst ass eng onméiglech Situatioun an eng politesch Inkoherenz wéi een se seele gesäit !
Och sollen d’Gréngzonen beim Verdeelerschlëssel keng Gewiichtung méi hunn. Dëst ass ëmsou méi erstaunlech, dass « déi gréng » och Responsabilitéit an der Regierung droen. D’Gréngzonen als Critère beim Verdeelerschlëssel ze berécksiichtegen ass awer wichteg. Kaum ee Mënsch wëllt, dass eis ländlech Géigenden zoubetonéiert ginn. Et geet drëm fir e gesonden Ausgläich tëschent Gréngzonen a bebaute Flächen ze fannen.
Lo sollen awer all d’Gemengen d’Garantie kréien, dass si während enger Iwwergangszäit keng Aschnëtter an hier Finanzéierung wäerte kréien. E Kompensatiouns-Fong soll garantéieren, dass d’Gemengen, egal op grouss oder kleng, städtesch oder ländlech, op d’mannst de Montant vun 2015 weiderhin sollte kréien. An dat bis 2021.
Hei stellen ech mir awer elo 2 fundamental Froen :
- Wat geschitt no 2021 ? De Kompensatiouns-Fong wäert jo wuel kaum éiwege Charakter hunn ? Hei hunn ech bis haut keng konkret Äntwert vum zoustännege Minister héieren.
- Wann d’Ausgaben permanent klammen (ë. a. bedéngt duerch d’Indexatioun an d’Evolutioun vun de Salairen), an d’Recetten um Niveau vun 2015 agefruer ginn, riskéieren déi betraffe Gemengen schonn virun 2021 Problemer ze kréien, fir hire Budget am Equiliber ze behalen.
Zu gudder Läscht nach eng Saach, déi mech ronderëm déi animéiert Diskussioune gestéiert huet. Et héiert ee reegelméisseg Aussoen am Genre: « Wat wëllt de Norden ? De Norden kritt dach am Duerchschnëtt 100 € méi pro Awunner. » Oder « Keng Gemeng wäert eppes verléieren. » Da ginn gemengerhand Beispiller bruecht vu Woltz, Veinanen, Clierf, Ettelbréck oder Dikrech. Jo, dës Gemenge kréie méi aus dem Dëppen no der Reform.
Mä an dësem Dossier geet wuel ëm d’Gemengen am Allgemengen, also och ëm d’Gemengen aus dem Norden, mä et geet awer och ëm déi ländlech Gemengen am Besonneschen. Wat geschitt dann mat de Gemengen Wëntger, Wäiswampech, Kiischpelt, Esch-Sauer, Bauschelt, Tandel, Stauséigemeng no 2021 ? Keng kloer Äntwert. Dofir sinn d’Ängschte vun dëse ländleche Gemengen absolut berechtegt an ech fäerte ganz, dës Gemenge kréien den 2. Präis.
http://www.gouvernement.lu/6149048/Reforme-finances-communales.pdf