Iwwert mech

_CHO6707
No menger Première am Stater Lycée Michel-Rodange sinn ech op d’Université catholique de Louvain studéiere gaang. Am Joer 1997 hunn ech erfollegräich meng Lizenz an « sciences économiques » ofgeschloss, mat enger Spezialisatioun a Froen zur Währungsunioun.

Meng éischt Schrëtt an der Aarbechtswelt waren op der Finanzplaz zu Lëtzebuerg, wou ech während 3 Joer als Finanzberoder am Private Banking bei der Banque de Luxembourg geschafft hunn.

Am Joer 2001 sinn ech op d’Chambre de Commerce gewiesselt, wou ech nieft der wirtschaftlecher Beroodung fir Betriber och d’Responsabilitéit iwwert d’Campagne fir d’Sensibiliséierungs  zur Aféierung vum Euro am lëtzebuerger Commerce hat. Parallel zu dësen Aufgaben war ech déi Zäit souwuel Gérant vun der « Mutualité d’Assistance aux commerçants » wéi och vun der « Mutualité de Cautionnement et d’Aide aux Commerçants ».

Vun 2004 bis 2018 war ech Gestionnaire vum Guichet Unique PME, enger Berodungsstell fir d’Betriber aus 15 verschiddene Nord-Gemengen. Niewt der Berodung hunn ech och Formatiounen organiséiert an d’Gemengesyndikater bei der Gestioun vun den Ufroen vun de Betriber, déi an eng Industriezone wollten anzéien, beroden.

Zanter Abrëll 2018 schaffen ech um Wirtschaftsministère an der Direction Générale PME et Entrepreneuriat. Meng éischt Missioun war d’Organisatioun vum Projet LetzShop, enger nationaler Online-Plattform fir de Lëtzebuerger Eenzelhandel. Ausserdeem bekëmmeren ech mech ëm Dossieren vun der Kreativ-Industrie a vun de sougenannten « entrepreneurial schools« . Bedéngt duerch d’Covid-19 Pandemie sinn ech zanter Mäerz 2020 och verantwortlech fir d’staatlech Hëllefe fir d’Betriber am allgemengen, an d’Hëllef fir den Eenzelhandel am besonneschen, ze implementéieren.

A menger Fräizäit spillen ech Marionette-Theater. Dofir hunn ech am Joer 2003, zesummen mat e puer Frënn, d’Tutebatti asbl gegrënnt, eng asbl déi sech zum Ziel gesat huet, krank a sozial schwaach Kanner mam Marionette-Spill zum Laachen ze bréngen.

Publicité
%d blogueurs aiment cette page :