Am Juni ginn d’Lëtzebuerger zu verschiddensten Themen ëm hier Meenung gefrot, ënnert anerem ob ee schonn mat 16 Joer an Zukunft däerf wiele goen. Eng Saach virop geschéckt : Ech hunn absolut Versteesdemech fir jonk Leit, déi fir sech e Wahlrecht ab 16 Joer revendiquéieren. Mee ech hunn trotzdem staark Bedenken.
– Däerfe wielen goen, ass dat ultimatiivt Recht wat engem als Bierger an enger Demokratie kann zougesprach ginn. Et huet een politesche Rechter an et gëtt een als « politesch volljäreg » unerkannt. Mee all zougesprache Rechter sinn an der Reegel och mat Pflichte verbonnen. Dofir soll d’Fro erlabt sinn : Ass een dann och « juristesch volljäreg » soubal een « politesch volljäreg » ass ? Oder anescht gefrot : Muss een als 16-Järege, dee Gesetz-widdreg gehandelt huet, mat de selwechte juristesche Konsequenze rechnen wéi een Erwuessenen ? Ouni polemiséieren ze wëllen, kéint ee behaapten, dass d’Fro am Referendum op Folgendes erausleeft : Soll ee mat 16 politesch volljäreg ginn, mee juristesch mannerjäreg bleiwen?
– Wann ee 16 oder 17-Järegen politesch Rechter soll zougesprach kréien a kënne wielen goen (aktiivt Wahlrecht), mat wéi engem Argument gëtt der selwechter Persoun dann trotzdem net erlaabt sech selwer fir d’Wahlen opzesetzen (passiivt Wahlrecht) ? Well am Referendum ass eenzeg an alleng dat aktiivt Wahlrecht ab 16 Joer virgesinn, NET dat passiivt Wahlrecht ! Hei ass d’Fro also net an aller Konsequenz gestallt. Entweder wëll een de 16 a 17-Järegen déi politesch Majoritéit zougestoen, oder net.
Jo, déi Jonk sollen däerfe matschwätzen. Besonnesch wann et ëm déi politesch Gestaltung geet. All Stëmm, déi sech erhieft fir um politesche Liewen Deel ze huelen, ass eng Beräicherung fir eis Demokratie ! Mee déi verantwortlech Politiker musse Léisungen proposéieren, déi de Revendikatiounen an de Suerge vun de jonke Leit Rechnung droen an déi vun A-Z iwwerduecht sinn. Symbolpolitik alleng geet an dësem wichtege Sujet leider net duer. Soulaang de Sujet net transparent duerchdiskutéiert ass, riskéiere mir mat engem Wahlrecht ab 16 méi Froen opzewerfen wéi Äntwerte ze liwweren.
Heischent, am Januar 2015