De Patient Euro wor krank. Vu Gebuert un. Schonn 2002 wor gewosst (cf. Robert Mundell), dass eng Währungsunioun tëschent allen aktuellen Euro- Länner net optimal wier. Et hätt ee missten eng Selektioun maachen vun alle Kandidaten. Mee en Vue vum ambitionéierte Projet Euro wor de politesche Wëllen deemools aus verständleche Grënn méi grouss wéi déi economesch Realitéit.
Mee mir hunn nu mol eng Währungsunioun. Mat hire Problemer. A wann d’Wirtschaft an héich verscholdte Länner haut an d’Stottere kënnt, kënnen déi betraffe Länner NET méi devaluéieren, well si jo den Euro hunn ! Mat der Konsequenz dass den Drock op dës Länner ëmmer méi grouss gëtt. Dofir sinn d’« critères de convergence » an de Maastricht Traité stoë kommen, fir d’Staatsverschëldungen am Grëff ze behalen. Mee et wor jidderengem Wurscht ob sech dru gehale gouf oder net.
A genee dofir sinn d’Griichen an där Situatioun, wou se haut sinn. An net just zanter haut. Fir mech ass de #Grexit spéitstens zanter 2009 onausweichlech. Et sief dann, Europa besënnt sech nees op déi Wäerter, déi dem Urspronk vun der europäescher Unioun zu Grond leien, nämlech d’Wäerter vu Partnerschaft a Solidaritéit. A wann Griicheland sollt kënne « gerett » ginn, dann nëmmen iwwert de Wee vun méi Europa, an net manner Europa. Well ouni politesch a fiskalpolitesch Union kann d’Eurozone an der aktueller Konstellatioun net fonctionnéieren.
Eis Gesellschaft entwéckelt sech ëmmer méi an d’Richtung vu méi Individualismus, souwuel um Niveau vun all Eenzelen, wéi och um Niveau vun de Länner. Dofir gëtt et a mengen Aan leider just 2 méiglech Szenarien :
1° Griicheland bleift an der Eurozone : Mat der Konsequenz, dass de Chômage a Griicheland nach weider klëmmt an d’Inflatioun bei eis och wäert nees méi staark klammen. D’Zënse wäerten also klammen, wat fir vill Leit, besonnesch bei de Leit mat enger Hypothéik, net déi allerbeschte Noriicht wier. An de klenge Mann vun der Strooss a Griicheland wäert soubal nach keen Liicht um Enn vum Tunnel gesinn.
2° Griicheland trëtt aus der Eurozone eraus (dësen Szenario ass mengen ech zanter 2011 dee wahrscheinlechsten, cf mäin Artikel « Wat ass den Euro nach wert?« ) : Nom Austrëtt wärt déi nei griichesch Währung ganz séier u Wäert verléieren. Griicheland kann sou zwar seng Exportatiounen relancéieren (déi jo am Verglach méi bëlleg ginn), mee och hei wäert den Duerchschnëttsbierger a Griicheland keng grouss Perspektive gesinn. Well d’Land staark op Importer ugewisen ass an d’Leit sech awer kaum nach Import-Produkter kënne leeschten (dëst nach manner, no enger Devaluatioun). Griicheland géif wirtschaftlech e puer Joerzéngten no hannen geworf ginn.
Kuerz gesot : Et gëtt keng optimal Léisung. De 5. Juli hunn d’Griichen eigentlech just d’Wiel tëschent Päscht oder Cholera.
Heischent, am Juni 2015