Waat ass den Euro nach wäert ?

euro-grec

Mat der Kris a Griichenland héiert een ëmmer méi Leit jéimeren an fuederen, dass mir den Euro nees oofschaafen an de gudden aale lëtzebuerger Frang zréck kréien. Stell Dir mol viir, mir hätten an dëser Krisenzäit keen Euro, mee lauter national Devisen. E Land, deem et nët gudd geet, keng Suën an der Staatskees huet, wou d’Wirtschaft um Buedem ass a wou vill Arbechtslosegkeet ass, huet deen Ament d’Méiglechkeet seng Währung ze entwerten : eng Dévaluatioun.

Waat bréngt esou eng Dévaluatioun? Ma duerch esou eng Dévalutatioun ginn d’Produkter aus dësem Land um internationale Maart natiirlech vill mé bëlleg. Doduerch ginn dës Produkter dann méi beléift a also och méi kaaft. D’Wirtschaft an dësem Land gët nees ugekuerbelt. De Problem ass allerdéngs, dass doduerch déi aaner Länner nees manner kompetitif sinn, well hir Produkter deementspriechent méi deier sinn. An de Risiko, dass déi verschidde Länner eng Kompetitioun maachen punkto Dévalutatioun ass deen Ament grouss.

Et kann een och probéieren séng Zënsen eroofzesetzen fir d’Wirtschaft neess un d’Rullen ze bréngen. Well bei niddreg Zënsen ass et nët interessant d’Geld um Konto ze loossen a méi interessant Schold ze maachen an ze investéieren.

Mee fir déi europäsch Wirtschaft ass esou eng Situatioun mat verschiddenen Devisen alles aanescht ewéi gesond. Well wann Dir, als lëtzebuerger Produzent, am Ausland akaaft, da wësst Dir nët wéivill Dir bei der Liwwerung musst bezuelen, well den Taux de change tëschent de Währungen kann änneren. Sou eng Onsecherheet vum Taux de Change hämmt also déi gesamt europäesch Wirtschaft.

Mat der Aféiererung vum Euro ass de Risiko vum Taux de change verschwonn. Och Differenzen bei den Zënse gët et nët méi, d’Europäesch Zentralbank décidéiert alleng iwwert d’Zënsen. An déi sinn an all Euro-Land gläich. Et gët och keng Kompetitioun méi vun verschiddenen Zëns-sätz an déi verschidde Währungen ze entwerten. Bref, eng vill méi secher Ausgangs-Situatioun fir d’Betriiber. Leider ass mat der Aféierung vum Euro awer och eng falsch Iwwerleeung gemaach ginn. D’Leit woren der Meenung, dass mat der Aféierung vum Euro de Risiko bei alles Euro-Obligatiounen identesch wier. Zum Beispill, dass griechesch Obligatiounen de selwechte Rendement hunn wéi lëtzebuergesch Obligatiounen, verbonnen mam selwechte Risiko. Daat ass leider falsch. Zwar ass de Währungs-Risiko bei griecheschen Obligatioune verschwonn (well keng Dévalutatioun vun der griechescher Währung an Europa méi méiglech ass), mee dëse Risiko gouf géint e Rendements-Risiko getosch.

Well e Land kann ëmmer nëmme Suën léinen, sou laang d’Finanzmärt der Iwwerzeegung sinn, dass dëst Land séng Schold och kann zréckbezuelen. Am Fall vu Griichenland, daat héich verschold ass, sinn d’Märt op eemol waakreg ginn an hu gemierkt, dass et nèet méi evident ass, dass d’Griichen hier Schold kënnen zréckbezuelen. Resultat: Wann Dir engem Land Geld léint, wou d’Wahrscheinlechkeet kleng ass, dass Dir Ärt geld zréck kritt, da muss daat Land Iech natiirlech schon mat engem attraktive Rendement wénken, fir das Dir nach bereed sidd, deem Land Geld ze léinen. Sou muss Griichenland mëttlerweil 17% bezuelen, fir iwwerhaapt Geld geléint ze kréien. Sou een Zënssaatz kann natiirlech kee Land sech leeschten.

Griichenland an Europa sinn den Ament an enger Zwéckmillchen, well mat der Aféierung vum Euro hunn d’Euro-Länner op 2 Intrumenter fir d’Politik ze gestalten verzicht:

– op hier eegen Zënspolitik (politique monétaire) : si kënnen déi nët méi fräi gestalten, mee et ass d’EZB zu Frankfurt, déi daat fir déi ganz Euro-Zone mecht,

– op en Taux de change variable also eng gezielten Dévaluatioun vun hierer Währung (mam Euro gët et keen Taux de change méi tëschent de Länner)

Griichenland kann also keng Dévalutatioun maachen, well si den Euro hunn. Griichenland kann kee Geld op de Finanzmärt kréien, well si missten exorbitant Zënse bezuelen. Dofir gët et am Fall Griichenland keng 100 Léisungen. An si kënnen och hier ëffentlech Finanzen nët héich haalen, well d’Staatskeesen eidel sinn. Entweder Europa gräift de Griichen finanziell ënnert d’Ärm, oder Griichenland muss sech vum Euro trennen. An deem Fall wier eng Dévalutatioun natiirlech méiglech.

Am Fall wou Griichenland sech allerdéngs vum Euro géif trennen, hätt daat och Konsequenzen op d’Finanz-welt. Well vill Finanz-instituter hunn griichesch Obligatiounen. Eng Dévalutatioun vun dësen Obligatiounen géif méi wéi wahrscheinlech een „Lehman Brothers 2“ ausléisen. An d’Konsequenzen wieren nach méi dramatesch wéi bis elo.

Dofir gët et den Abléck wahrscheinlech keng Alternatif zu enger Hëllef fir Griichenland. Driwwer ze diskutéieren, ween elo Schold un der ganzer Affär ass, bréngt am Fong näischt, och wann gewosst ass, dass d’Griichen hier Comptabilitéit falsifiéiert hunn. Vill méi muss ee probéieren, d’Lektiounen ass dëser Affär ze zéien. D’Eenheets-Währung kann nëmme funktionnéieren wann d’Staatsfinanzen an all Land an engem relativen Gläichgewiicht sinn, fir dass den Drock vun enger „Dévaluatioun“ a kengem Land kann opkommen. Dëst erklärt ass och d’Daseins-Berechtegung vum berühmte „Pacte de stabilité“, oder « Maastricht Critèrën », deen maximal 60% Staatsschold erlaabt an 3% Défizit. Well wann eenzel europäësch Länner sech héich verscholden, aanere sech manner verscholden, si awer all den Euro hunn, da riskéiert den aktuelle Währungssystem mëttelfristeg an Europa an e Koup ze faalen. Allerdéngs mussen besser Kontroll-Mechanismen geschaafe ginn, mat klore Sanktiounen. Well sou e Pacte de Stabilité ass eng fundamental Konditiounen fir dass eise Währungssystem nët implodéiert. A wann dës Viiraussetzungen nët bedinungslos respektéiert ginn, dann mengen ech dauert et keng 5 Joër méi, an mir wärten déi éischt Austrëtter aus dem Euro hunn.

Heischent, den 28. Juni 2011

Publicités