Den Norden : politesch zougebriedert ?

Image1

Am E’sléck gëtt dacks gesoot, de Norde géif um nationale Niveau vernoléissegt ginn. Et gët reegelméisseg iwwert den E’slécker gelaacht an him noogesoot, hien hätt diesbezüglech e Minderwertegkeets-komplex. Mee et kann een, an et soll een och probéieren d’Analyse ze maachen ob deem wierklech esou ass. Fir dëst ze mossen, ginn et a méngen Aan 2 Methoden.

Déi éischt Method wier déi, fir ze kucken wéivill Gelder vum Staatsbudget an déi verschidde regional Infrastrukture fléissen am Verglach mat der respektiver régionaler Bevölkerung. Dëst wier allerdéngs eng extrem subjektiv Approche : Sou ass et zum Beispill evident dass an eng Stroosseninfrastruktur ronderëm eis Haaptstaad méi investéiert muss ginn, wéi am ländleche Raum, well d’Verkéiers-opkommes an der Staad duerch de Beruffstraffik bedeitend méi héich ass. Et kann een also ëmmer Argumenter dofir oder dergéint fannen, ob de Norden (an och déi aaner Régiounen) hei benoodeelegt gëtt.

Eng 2. Method wier déi fir ze kucken, ob de Bierger proportionnell an der Chamber (also bei de Volléksvertrieder) vertrueden ass. Als Ausgangspunkt huelen ech d’Zuel vun de Bierger mat Wahlrecht bei de Chamberswahlen vum 7. Juni 2009:
– Zentrum: 63.391 Wahlberechtegter (28%)
– Süden: 89.898 Wahlberechtegter (40%)
– Osten: 30.814 Wahlberechtegter (14%)
– Norden: 39.739 Wahlberechtegter (18%)

D’Chambre des Députés soll jo am Fong d’Vollék vertrieden, also misst d’Chamber der Zesummesätzung vun der Bevölkerung och esou noo wéi méiglech kommen (dofir ënnert aanerem jo och d’Opdeelung a 4 verschidde Beziirker). Et wier also interessant d’Zuel vun de Wahlberechtegten mat der Zuel vun den Députéierten ze vergläichen:
– Zentrum: 21 Députéiert (35%)
– Süden: 23 Députéiert (38%)
– Osten: 7 Députéiert (12%)
– Norden: 9 Députéiert (15%)

Ech mengen, dass de Rapport tëschent den Wahlberechtegten an den Députéierten nach an engem relatif gudde Gläichegewiicht steet (obschons den Zentrum 35 % vun de Volléksvertrieder stellt, mee just 28 % vun de Wahlberechtegten huet).

Mee wann een de Rapport tëschent de 15 Regiirungs-memberen aus der läschter Regiirung hëllt (5 aus dem Zentrum: Mady Delvaux-Stehres, Luc Frieden, Jeannot Krecké, Jean-Louis Schiltz an Claude Wiseler / 6 aus dem Süden: Jean Asselborn, François Biltgen, Mars Di Bartoloméo, Jean-Marie Halsdorf, Jean-Claude Juncker a Lucien Lux / 3 aus dem Osten : Fernand Boden, Octavie Modert an Nicolas Schmit / 1 aus dem Norden: Marie-Josée Jacob), da kritt déi Saach eng ganz aanert Nues:
– Zentrum : 33% vun de Regiirungsmemberen an 28 % vun de Wahlberechtegten
– Süden : 40% vun de Regiirungsmemberen an 40% vun de Wahlberechtegten
– Osten : 20% vun de Regiirungsmemberen an 14% vun de Wahlberechtegten
– Norden : 7% vun de Regiirungsmemberen an 18% vun de Wahlberechtegten

Hei schéngt et mir wéi wann d’Leit aus dem Norden kee Minderwertegkeetskomplex hunn, mee dass de Norden effektiv nët genuch an eiser Regiirung représentéiert ass. Ménger Meenung noo kann et nët sinn, dass eng ganz Régioun 18% vun de Wahlberechtegte stellt, mee just 1 Member an der Regiirung huet, an daat schons zanter Jorën ! Dëst ass ëmsou méi problematesch, well déi spezifesch Problemer aus enger Regioun nach ëmmer am Beschten zu Gehéier kommen iwwert d’Regiirungsmemberen aus de betraffenen Regiounen. Et misst also eng Selbsverständlechkeet sinn, dass de Norden minimum 2 Regiirungsmemberen an der Legislaturperiod 2009-2014 kritt. A bon entendeur, salut …

Heischent, den 9. Juni 2009