€uro : Quo vadis ?

euro

Wann ee vun de gudde Säite vum Euro schwätz, héiert een haaptsächlech ëmmer neess daat selwecht Argument : flott, dass den Tourist mat der selwechter Währung an all europäësche Land ka bezuelen. Daat ass och flott.

Mee d’Wichtegkeet vum Euro ass bedeitend méi grouss. Stell Dir mol viir, mir hätten an dëser Krisenzäit keen Euro, mee lauter national Devisen. Verschidde Länner géife probéieren hier Zënsen eroofzesetzen fir d’Wirtschaft neess un d’Rullen ze bréngen (well: bei niddreg Zënsen ass et nët interessant d’Geld um Konto ze loossen a méi interessant Schold ze maachen an ze investéieren). D’Resultat wier op alle Fall, dass et an verschiddene Länner verschidden héich Zënse géif ginn.

Wann ee Land esou Ännerungen u sengen Zënse gemaach huet, brengt daat natiirlech och mat sech, dass den Taux de Change teschent de Währungen ännert. Well wann ech zum Beispill, virun der Aféierung vum Euro, zu Lëtzebuerg 5% Zënse kritt hunn an a Griichenland 6%, dann wore méng Suën a Griichenland no engem Joër 1% méi wert. Theoretesch. Mee esou einfach schléit ee kee Geld aus dem Steen. Wann d’Märt richteg funktionnéieren, dann wor déi griichech Drachme 1 Joër méi spéit och 1% manner wert wéi de LUF.

Konkret : den Griich produzéiert Glieser fir 100 GRD. Dës Glieser ginn no Lëtzebuerg exportéiert. An 100 GRD sinn 2 LUF wert. Ech bezuelen also 2 LUF fir e Glas aus Griicheland ze kréien. Lo verléiert d’Drachme u Wert an fir e Glas vun 100 GRD ze kaafen muss ech nët méi 2 LUF bezuelen, mee just nach 1 LUF. Also gouf duerch dës Entwertung daat griichecht Glas fir de Lëtzebuerger méi bëlleg an d’Wirtschaft an Griicheland gët ugekurbelt. Also alles wonnerbar fir d’Griichen.

A fir de Lëtzebuerger dann ? Ma eis Produkter sinn a Griichenland no der Devaluatioun duebel sou daier. Also exportéiere mir och näischt méi. An zu Lëtzebuerg sinn déi griichech Artikelen ëm 50% méi bëlleg ginn. Also verkaafe mir och näischt méi hei heem.

Fir deem entgéint ze wierken, kéint ee jo de LUF entwerten. Daat géif eisen Export nees méi kompetitif gestalten, oder? Hei ass ee schnell an engem Däiwelskrees an virum Euro wor d’Situatioun nët esou idyllesch wéi daat nach e puer Frang-Nostaligiker duerstellen wëllen. Am Géigendeel: de Risiko vum Taux de Change wor eng réell Brems fir déi europäësch Wirtschaft.

Dofir ass et och sou wichteg, dass mir mat der Aféierung vum Euro eng Europäesch Zentralbank hunn. D’EZB décidéiert iwwert d’Zënsen an si ginn an all Land gläich. Et gët och keng Kompetitioun méi vun verschiddenen Zëns-sätz an déi verschidde Währungen ze entwerten. Allerdéngs ass haut et emsou méi wichteg, dass déi verschidden national Regiirungen drop oppassen, fir hier Staatsschold am Grëff ze behaalen. Well mat der Aféierung vum Euro hunn déi verschidde Länner op 2 Intrumenter fir d’Politik ze gestalten verzicht:

– op hier eegen Zënspolitik (politique monétaire) : si kënnen déi nët méi fräi gestalten, mee et ass d’EZB zu Frankfurt, déi daat fir déi ganz Euro-Zone mecht,

– op en Taux de change variable also eng gezielten Dévaluatioun vun hierer Währung (mam Euro gët et keen Taux de change méi tëschent de Länner)

Dofir kann d’Eenheets-Währung nëmme funktionnéieren wann d’Staatsfinanzen an all Land an engem relativen Gläichgewiicht sinn, fir dass den Drock vun enger „Dévaluatioun“ a kengem Land kann opkommen. Well eng Dévaluatioun vum griichechen Euro zum lëtzebuerger Euro (als Beispill) ass jo nët méiglech. Et sief dann, daat betraffent Land géif sech vum Euro trennen (mussen).

Leider ass mat der Aféierung vum Euro eng falsch Iwwerleeung gemaach ginn. D’Leit woren der Meenung, dass mat der Aféierung vum Euro de Risiko bei griecheschen Obligatiounen identesch wier mat lëtzebuergeschen Obligatiounen zum Beispill. Daat ass leider falsch. Zwar ass de Währungs-Risiko bei griecheschen Obligatioune verschwonn (well keng Dévalutatioun vun der griechescher Währung an Europa méi méiglech ass), mee dëse Risiko gouf géint e Rendements-Risiko getosch.

Dëst erklärt ass och d’Daseins-Berechtegung vum berühmte „Pacte de stabilité“, oder « Maastricht Critèrën », deen maximal 60% Staatsschold erlaabt an 3% Défizit. Dëst sinn nët einfach toopesch Zuelen, déi vun Europal opgedrängt ginn, mee fundamental Konditiounen fir dass eise Währungssystem nët implodéiert. Well wann eenzel europäësch Länner sech héich verscholden, aanere sech manner verscholden, si awer all den Euro hunn, da riskéiert den aktuelle Währungssystem mëttelfristeg an Europa an e Koup ze faalen.

Heischent, am Juni 2009

Publicité
%d blogueurs aiment cette page :