Wiele goen : e Recht oder eng Flicht ?

wahlen

D’Europawahle stinn virun der Dir. A wéi bei all Wahl héieren ech och dës Kéier nees eng Partie Leit sech iwwert eis « Wahlflicht » beschwéieren. Et héiert een vill Argumenter, déi ee meeschtens kéint folgendermoossen resuméieren : « Wiele goen ass e Recht. Wiele goen ass keng Flicht ! ». Poursuivre la lecture de « Wiele goen : e Recht oder eng Flicht ? »

Publicité

E waarmen Hierscht : 180 Grad am Oktober

180grad

Den 2. Februar 2013, also virun knapps 8 Méint, wor de Xavier Bettel an der Emissioun « Background am Gespréich ». Ech kann mech nach ganz gutt un déi Emissioun erënneren, well ech mir deemools gesot hunn : nu kuck de Bettel ! Dat ass e kénge Borscht ! Deen huet de Culot fir vu vir eran ze soen, hien wëllt net an déi nächst Regierung goen. Egal wat geschitt. « Chapeau Här Bettel » duecht ech bei mir. Poursuivre la lecture de « E waarmen Hierscht : 180 Grad am Oktober »

Den Norden : politesch zougebriedert ?

Image1

Am E’sléck gëtt dacks gesoot, de Norde géif um nationale Niveau vernoléissegt ginn. Et gët reegelméisseg iwwert den E’slécker gelaacht an him noogesoot, hien hätt diesbezüglech e Minderwertegkeets-komplex. Mee et kann een, an et soll een och probéieren d’Analyse ze maachen ob deem wierklech esou ass. Fir dëst ze mossen, ginn et a méngen Aan 2 Methoden. Poursuivre la lecture de « Den Norden : politesch zougebriedert ? »