Wiele goen : e Recht oder eng Flicht ?

wahlen

D’Europawahle stinn virun der Dir. A wéi bei all Wahl héieren ech och dës Kéier nees eng Partie Leit sech iwwert eis « Wahlflicht » beschwéieren. Et héiert een vill Argumenter, déi ee meeschtens kéint folgendermoossen resuméieren : « Wiele goen ass e Recht. Wiele goen ass keng Flicht ! ».

Lëtzebuerg ass, nieft der Belsch a Griicheland, eent vun dräi Länner innerhalb vun der EU wou dës  « Wahlflicht » nach besteet. An trotzdem muss ee feststellen, dass knapps 10% vun de Wieler bei de läschten Europawahlen 2004 hei am Land net mol am Wahlbureau opgetaucht sinn. Vun 240.669 ageschriwwene Wieler hunn der 22.246 kee Stëmmziedel ofginn. Wann een dann nach all « vote blanc » (11.889) an all « vote nul » (8.170) dozou zielt, da komme mir op 42.305 Wieler. Dat sinn erschreckend 17,5 % ! Do kann ee sech d’Fro stellen : Mécht « Wahlflicht » dann iwwerhaapt nach Sënn ?

Meng Äntwert op dës Fro ass einfach : « Mir hunn zu Lëtzebuerg guer keng Wahlflicht ! »

Jo, de Bierger MUSS sech am Wahlbureau presentéieren. Neen, hien MUSS NET wielen, huet awer d’Recht dozou. Wann ee bis an der Kabinn steet, ass ee fräi ze wielen  … oder net ze wielen. Et gëtt also keng Wahlflicht. Dëse feinen Ënnerscheed ze maachen ass wichteg, well et erlaabt den « Absentéismus » an de « vote blanc » korrekt ze interpretéieren. Prinzipiell kann een tëschent 3 verschiddene Ausdrocks-Méiglechkeeten ënnerscheeden :

1° Ech ginn guer net an de Wahlbureau :

Dëst ass eng Kategorie vu Bierger, bei deenen eng korrekt Analyse vun de Wahlen ganz schwiereg ass. Firwat sinn dës Leit net wiele gaang ? D’Politologen  ënnerscheeden hei tëschent sëllechen Formen vun Absentéismus :

– absentéisme de circonstance : am  Krankheetsfall zum Beispill ;

– absentéisme social : Leit, déi alleng an/oder isoléiert liewen ;

– absentéisme de conjoncture : wann ze vill Wahlen an engem kuerze Zäit-Intervall stattfannen sou kann dat zu enger gewësser Sättegung bei de Leit féieren ;

– absentéisme  anti-système : Leit déi d’Flemm mat eisem Gesellschafts-System hunn, respektiv deenen et einfach egal ass hiren Deel zum Wuelbefannen vun eiser Demokratie bäizesteieren. Eng, a mengen An, egoistesch Approche zu eiser Gesellschaft. Leider ginn d’Leit, déi net wiele ginn, all ze vill oft an dës 4. Kategorie gestach, obwuel et méi Grënn vun Absentéismus gëtt.

2° Ech ginn an de Wahlbureau, ginn awer keng Stëmm of :

Hei schwätze mir also vum sougenannte « vote blanc ». Dës Kategorie vu Bierger bréngt hier Verdrossenheet vis-à-vis vun der Politik ganz kloer zum Ausdrock. Eng Verdrossenheet, déi hiren Ursprong meeschtens an eisem Proportz-System fënnt : fir eng handlungsfäeg Majoritéit ze hunn, muss ee Koalitiounen fannen. An um  Wee dohinner musse Kompromësser agaange ginn. Dofir hunn d’Leit dann heiansdo d’Gefill dass, egal fir ween si och wielen, souwisou näischt ännert.

Et gët also e fundamentalen Ënnerscheed tëschent de Leit, déi sech guer net am Wahlbureau presentéieren, an deenen, déi sech wuel presentéieren, awer keng Stëmm ofginn.

3° Ech ginn an de Wahlbureau a ginn och meng Stëmm of :

Eigentlech ass dësen Akt de Mindestbäitrag vum Bierger zu eisem demokratesche System. Et setzt een domat en Zeechen, sech net viru senger Verantwortung als Bierger wëllen ze drécken.  En Zeechen, Verantwortung huelen vis-à-vis vun eiser Gesellschaft, a géint den Individualismus, deen ëmmer méi grouss gëtt.

Ech hoffen, dass sou vill wéi méiglech Leit de 25. Mee dëst Zeechen setzen a vun hirem « Wahlrecht » wäerte Gebrauch maachen. De Parteie-Spektrum zu Lëtzebuerg ass breed genuch fir dass all Bierger e Wee ka fannen fir säi Wonsch zum Ausdrock ze bréngen.

Heischent, am Mee 2014.

Publicité
%d blogueurs aiment cette page :