Jiddereen op Facebook huet et gemierkt : d’Politiker, a ganz speziell d’Kandidaten fir déi nächst Chamberwalen sinn wibbeleg ginn. A vill Leit sinn dovun generft a schreiwen och Commentairen an déi Richtung : meeschtens dezent, awer regelméisseg och an engem aggressiven, jo souguer frechen Toun.
Ech stelle mir just folgend Fro : Notzen d’Politiker de Facebook net d’selwecht wéi mir all ? Fir hire Message lass ze ginn ? Mir alleguer vermëttele jo Message via Facebook. Am Genre:
– Kuckt mol wou ech an der Vakanz wor
– Ei, ech hu Feierowend oder Congé
– De nächste W-E ginn ech op e Concert
– Wat ginn eis Kanner awer sou grouss
– Wat hunn ech gutt am Restaurant giess
– Mäin Hobby ass mat Ofstand dee coolsten
– Bayern München spillt de beschte Fussball (oder och net)
– etc
Wat ass dann bei deene Saachen de Message ? Jiddereen huet d’Recht ze schreiwen an ze posten, wat him um Häerz läit. De Politiker och. Mee wann een sech traut eng politesch Ausso op Facebook ze maachen, setzt een sech onkalkuléierbarer Kritik aus. Dobäi si vill Leit sech net bewosst, dass eng grouss Majoritéit vun de Kandidaten, an dat vun ALL Partei, sech éierlech engagéieren a probéieren, trotz permanente Kritiken, eist Land selwer no vir ze bréngen.
Bei 9 Lëschten kënnt jo just all 9. Kandidat an d’Chamber. Dofir schätzen ech, dass bestëmmt 75% vun alle Kandidaten vun vir eran wëssen, dass si keng Chance hunn an d’Chamber ze kommen. An awer : Si engagéiere si sech an investéieren extrem vill Zäit. Engagement aus renger Iwwerzeegung. Vum politeschen Engagement vun de Leit, déi net op enger Lëscht sinn, guer net ze schwätzen. An dat, ouni eppes dofir ze kréien ! Eenzel Leit huelen souguer en extrem grousse Risiko op sech, well se kandidéieren.
Als Beispill kéint ech hei de Fränk Kuffer ginn. Hien huet säin Job als Journalist MUSSEN un de Nol hänken, fir däerfen ze kandidéieren. An dësem konkrete Fall weess ech, dass hien, am Fall wou hien net sollt gewielt ginn, och net méi bei RTL zréck ka goen. An hien krut och keng Plaatz an Aussiicht gestallt. Obwuel ech der CSV jo bekanntlech no stinn, wëll ech hei keng Walpropaganda speziell fir de Fränk maachen. Ech ginn hien just als Beispill, stellvertriedend fir déi vill aner Kandidaten (Partei-iwwergräifend), déi der regelméisseg laanscht d’Ouere kréien, just well si op enger Lëscht fir d’Wale stinn. Ech kéint och vun de Geschäftsleit oder den Entrepreneuren schwätzen, déi riskéieren wéinst hirer politescher Gesënnung Clienten ze verléieren. An trotzdem kandidéiere si !
Dofir soen BRAVO. Bravo, fir all déi Leit, egal wéi eng Partei, déi de Courage opbréngen, trotz dem Risiko vu bëlleger Kritik, sech politesch anzesetzen.
Fir ofzeschléisse wëll ech just nach soen, dass een natierlech kann/däerf generft sinn vu verschiddene Publikatiounen (politescher Aart oder net). Jo, et kann ee verschidde Meenungen hunn. Jo, et kann een och mateneen streiden. Mee w.e.g. maacht dat am Respekt, een vis-à-vis vum aneren !
Heischent am September 2013