Grexit : Päscht oder Cholera !?

grexit

De Patient Euro wor krank. Vu Gebuert un. Schonn 2002 wor gewosst (cf. Robert Mundell), dass eng Währungsunioun tëschent allen aktuellen Euro- Länner net optimal wier. Et hätt ee missten eng Selektioun maachen vun alle Kandidaten. Mee en Vue vum ambitionéierte Projet Euro wor de politesche Wëllen deemools aus verständleche Grënn méi grouss wéi déi  economesch Realitéit. Poursuivre la lecture de « Grexit : Päscht oder Cholera !? »

Publicité

Wahlrecht ab 16

wahlrecht

Am Juni ginn d’Lëtzebuerger zu verschiddensten Themen ëm hier Meenung gefrot, ënnert anerem ob ee schonn mat 16 Joer an Zukunft däerf wiele goen. Eng Saach virop geschéckt : Ech hunn absolut Versteesdemech fir jonk Leit, déi fir sech e Wahlrecht ab 16 Joer revendiquéieren. Mee ech hunn trotzdem staark Bedenken. Poursuivre la lecture de « Wahlrecht ab 16 »

Mäi Fazit. Ouni Frustratioun. Mä an aller Konsequenz.

demission

Aux membres du conseil communal de la commune d’Esch-sur-Sûre

Mesdames, Messieurs,

Suite au vote survenu dans la session du conseil communal du 11 décembre 2014, par lequel la majorité des conseillers n’a pas souhaité respecter l’accord conclu il y a 3 ans concernant les changements au sein du collège échevinal, je constate avec regret que le conseil communal ne m’a pas accordé sa confiance. Poursuivre la lecture de « Mäi Fazit. Ouni Frustratioun. Mä an aller Konsequenz. »

E Wuert ass e Wuert ? Personalpolitescht Trauerspill an der Gemeng Esch-Sauer…

eschsauer

Dat konspirativt personalpolitescht Trauerspill an der Gemeng Esch-Sauer geet an eng weider Ronn : Virun 3 Joer wor en eestëmmegen Accord gemach ginn. Den Deal wor, dass déi 3 aktuell Schäffen (Weiler, Binsfeld, Rippinger) Enn 2014 sollten démissionnéieren an duerno duerch 3 nei Schäffen (Zeien, Karier, Lanners) ersaat ginn. Dësen Accord ass allerdéngs net bindend, well d’Wahlgesetz kee « Splitting » virgesäit. Dofir gëllt hei de Prinzip vum géigesäitege politeschte Vertrauen (trotz ënnerschriwwenem Accord). Poursuivre la lecture de « E Wuert ass e Wuert ? Personalpolitescht Trauerspill an der Gemeng Esch-Sauer… »

Verlaangt méi vun de Steieren a manner vum Steierzueler !

kand

Zanter haut ass et dann offiziell : Mir kréien eng  Kontributioun vun 0,5% fir d’Kannerbetreiung ze finanzéieren ! Ob dat elo gutt oder schlecht ass, berechtegt oder net, dat muss jiddereen fir sech entscheeden. Fakt ass, dass den aktuellen a nach relativ rezente System vun de Chèque-Service ee System ass, deen et gëllt ze verbesseren. Well de System muss méi egalitär ginn. Net nëmmen an deem méi Plazen geschaaft ginn, mee och an deem de Kofinanzement vun den Elteren méi gerecht gëtt. Poursuivre la lecture de « Verlaangt méi vun de Steieren a manner vum Steierzueler ! »

EU-Personal Poker

IMG_1906.JPG

En Dënschdeg Owend (dem 27. Mee 2014) huet de Jean-Claude Juncker de Réck also net gestäipt kritt fir de Posten vum President vun der europäescher Kommissioun. Villméi gouf et virgezunn dem Herman Van Rompuy den Optrag ze ginn, bis Enn Juni ze sondéieren, ween dann elo kéint President vun der Kommissioun ginn. E schlechte Witz ? Leider net. Poursuivre la lecture de « EU-Personal Poker »

E waarmen Hierscht : 180 Grad am Oktober

180grad

Den 2. Februar 2013, also virun knapps 8 Méint, wor de Xavier Bettel an der Emissioun « Background am Gespréich ». Ech kann mech nach ganz gutt un déi Emissioun erënneren, well ech mir deemools gesot hunn : nu kuck de Bettel ! Dat ass e kénge Borscht ! Deen huet de Culot fir vu vir eran ze soen, hien wëllt net an déi nächst Regierung goen. Egal wat geschitt. « Chapeau Här Bettel » duecht ech bei mir. Poursuivre la lecture de « E waarmen Hierscht : 180 Grad am Oktober »